Dokumenter déi manuell musse veraarbecht ginn, huele méi Zäit an Usproch. Fir de Remboursement nach weider ze beschleunegen, gouf jo den Tiers payant agefouert, deen awer nach net iwwerall funktionéiert.
Dofir hätt d‘Gesondheetskeess e weidere Projet initiéiert, deen deemnächst géif ëmgesat ginn, schreift d‘Martine Deprez weider. D‘Leit géifen dowéinst elo bei den Detail vum Remboursement Piktogrammer derbäi geluecht kréien, fir ze weisen, wéi ee seng Dokumenter am Beschte soll eraschécken, fir datt nach méi kéint op déi optesch Lecture zeréck gegraff ginn.