Mënschlecht Versoe war a bal zwee Drëttel vun de Fäll d’Haaptursaach, esou déi Responsabel vun der CNPD de Moie bei der Presentatioun vum Aktivitéitsrapport 2022 op Esch-Belval.
Donieft goufen d’lescht Joer 482 Reklamatioune gezielt, am Joer 2021 waren et der 512. Schrëftlech Ufroe koumen da 589 d'lescht Joer, par Rapport zu 618 am Joer 2021. Bei deenen ass et an der Haaptsaach ëm d’Covid-19-Pandemie gaangen, an ëm d’Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz.
D’CNPD huet d’lescht Joer bei 24 Entscheedungen een Total vu Geldbousse vu ronn 48.000 Euro decidéiert: an der Hallschent vun de Fäll ass et ëm d’Videoiwwerwaachung gaangen.
Déi national Dateschutzkommissioun huet Enn vum leschte Joer hir 20 Joer gefeiert.