Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CNPD: Notifkatioune wéinst Dateschutzverletzunge si geklommen

Dateschutz

CNPD: Notifkatioune wéinst Dateschutzverletzunge si geklommen

Déinational Dateschutzkommissioun huet d’lescht Joer méi Notifikatioune wéinstDateschutzverletzunge kritt wéi 2021. D’Zuel ass vun 333 op 354 geklommen.

auto_stories

1 min

Mënschlecht Versoe war a bal zwee Drëttel vun de Fäll d’Haaptursaach, esou déi Responsabel vun der CNPD de Moie bei der Presentatioun vum Aktivitéitsrapport 2022 op Esch-Belval.

Donieft goufen d’lescht Joer 482 Reklamatioune gezielt, am Joer 2021 waren et der 512. Schrëftlech Ufroe koumen  da 589 d'lescht Joer, par Rapport zu 618 am Joer 2021. Bei deenen ass et an der Haaptsaach ëm d’Covid-19-Pandemie gaangen, an ëm d’Iwwerwaachung op der Aarbechtsplaz.

D’CNPD huet d’lescht Joer bei 24 Entscheedungen een Total vu Geldbousse vu ronn 48.000 Euro decidéiert: an der Hallschent vun de Fäll ass et ëm d’Videoiwwerwaachung gaangen.

Déi national Dateschutzkommissioun huet Enn vum leschte Joer hir 20 Joer gefeiert.