Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Autumn Sweater - Water Your Plants

play_arrow Live
search

/ CMCM: Personaldelegatioun mat neie Virwërf

Verbreede vun Onwourechten

CMCM: Personaldelegatioun mat neie Virwërf

Bei der CMCM bleift d’Stëmmung virun der ausseruerdentlecher Generalversammlung, op där muer de Richtungssträit an d’Gouvernanceproblemer bei der Mutualitéit sollen diskutéiert ginn, ugespaant. D’Personaldelegatioun geheit dem neie Generalsekretär Yves Scharlé haut vir, Onwourechten ze verbreeden. Dat geet aus enger interner Mail ervir, déi eis virläit.

auto_stories

1 min

CMCM | © D-Company
Foto: D-Companie

De Generalsekretär géif an engem interne Video behaapten, et géif bei der CMCM Problemer tëscht dem Personal an der Direktioun ginn. D’Delegatioun widdersprécht: Et géif net ëm déi ganz Direktioun goen, mee just ëm de Generaldirekter Fabio Secci. 

D’Personaldelegatioun hofft, datt et no der Generalversammlung nees een normaalt Aarbechtsklima gëtt.

De Generaldirekter an déi intern Gouvernance sti bei der Caisse médico-complémentaire mutualiste an der Kritik. Zanter ronn zwee Méint gëtt et och am Verwaltungsrot an deene Froen een oppene Sträit.