Radioen

On air

Notturno  |  Rumble In Rhodos - Carve Visage

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ CMCM: Een anonyme Bréif formuléiert Reprochë géint den Direkter Fabio Secci

Weider Onreegelméissegkeeten

CMCM: Een anonyme Bréif formuléiert Reprochë géint den Direkter Fabio Secci

De Konflikt ëm d’Ofsetze vum CMCM-President André Heinen geet an eng nächst Ronn. Engersäits huet den ofgesate President dem “Lëtzebuerger Wort” nämlech erkläert, datt hie sech viru Geriicht géint déi Ofsetzung wiere wëll, well déi illegal wier. Anerersäits krute mir anonym e Bréif eran, an deem et zolitt Reprochë géint den Direkter Fabio Secci gëtt. Dëse Bréif ass mat “E besuergte Mutualist” ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Dës Persoun schreift um Ufank, datt d’Diskussioun ronderëm den André Heinen net den Haaptpunkt wier. Villméi géif et ëm “Mëssstänn an der Gestioun vun der CMCM duerch hiren Direkter (...) Fabio Secci” goen. Den Auteur erënnert un e Bréif vum Mee 2022, an deem de Gros vun de CMCM-Mataarbechter Mëssstänn opgeworf hätt. Donieft stéingen nach aner Virwërf am Raum, déi dem Verwaltungsrot - an domat och dem nei agesate President Gilbert Goergen - bekannt wieren; an der Haaptsaach gëtt d’Pai vum Direkter a Fro gestallt (Zitat: “18.000 Euro anscheinend”) an de Fait, datt de Fabio Secci zesumme mat senger Fra, der fréierer Responsabeler vun de Ressources humaines, op méi wéi 26.000 Euro de Mount kéim.

Deieren Déngschtauto, héich frais de representation

Och gëtt d’Fro opgeworf, ob den Direkter en Déngschtauto vun 130.000 Euro a méi bräicht. Doriwwer eraus géif am CA dovu rieds goen, datt sech den Direkter a seng Fra bei externe Reunioune frais de représentation opgeschriwwen an ausbezuelt hätten. Dobäi géif et “anscheinend (...) ëm e puer 10.000 Euro am Joer” goen. Den ofgesate President André Heinen hätt, heescht et weider, och en Direktiounscomité agesat, fir de Fabio Secci z’encadréieren.

De Ministère wéisst Bescheed, sou den anonymme Mutualist

Elo wéissten d’Mutualisten, firwat et zu där Statutereform komm wier, mee dem André Heinen seng Initiative wiere vum Fabio Secci an deem senge Kolleegen am Verwaltungsrot mat System bekämpft ginn. Zu gudder Lescht gëtt op déi enk Relatiounen tëscht Fabio Secci a Gilbert Goergen engersäits an tëscht dem Fabio Secci an dem Premier Conseiller aus dem Ministère vun der Sécurité sociale anerersäits higewisen. Ganz vill, wann net alles, wier dann och der zoustänneger Ministerin Martine Deprez bekannt. De Bréif hält op mat der Fro, firwat si net am Intressi vun de Mutualisten an de Leit, déi all Dag op d’CMCM zielen, reagéiert?

Op Nofro hin äntwert d’Ministesch Martine Deprez, datt ee dem Mutuellesgesetz no legal Missiounen hätt, op Grond vun deenen d’Mutuellë géifen iwwerwaacht ginn.

Lauschterenplay_arrow