search

/ CIA: Bäi Taylor Swift Concerten zu Wien hätte sollen zéngdausende Mënsche stierwen

International

|
reading time

1 min

CIA: Bäi Taylor Swift Concerten zu Wien hätte sollen zéngdausende Mënsche stierwen

D‘CIA hat déi éisträichesch Autoritéite gewarnt. An der Suite waren zwee jonk Männer festgeholl ginn. Si sëtzen zënterhier an Untersuchungshaft.

reading time

1 min

Een 19 Joer ale Mann soll deemno geplangt hunn, mat Sprengstoff an engem Auto an d‘Fans virum Stadion ze fueren. Hien hat do virdrun der Terrororganisatioun Islamesche Staat online seng Loyalitéit geschwuer. Géint hien an e méi jonke presuméierte Kompliz gëtt wéinst Verdacht op Memberschaft an enger terroristescher Vereenegung a kriminell Organisatioun enquêtéiert.