Virun zwee Méint (den 18. September) hat de Verwaltungsrot decidéiert eng Étude de faisabilité ze lancéiere fir eventuell eng Spidolsantenn fir Radiologie am GridX-Komplex vum Marc Giorgetti ze bauen. Elo wéilt een awer komplett d’Diskussioune ronderëm Spidolsantennen stoppen a sech prioritär op d’Südspidol mat senge Sitten Nidderkuer an Diddeleng konzentréieren.
Déi aktuell Debatten an der Ëffentlechkeet wieren net ausschlaggebend gewiescht, ma se hätten awer Froen dozou opgeworf, esou de Christian Weis.
RTL an d'Tageblatt haten als éischt doriwwer bericht.