Mat engem Defizit vun 1,9 Milliarden Euro wäert den Zentralstaat dëst Joer ofschléissen: dat huet de Finanzminister an der Chamber ugekënnegt, bei der Presentatioun vum Projet fir de Staatsbudget fir déi lescht aacht Méint vun dësem Joer. D’Depensë vum Staat klammen dëst Joer nach méi séier, wéi d’Recetten: 2025 soll dësen Trend ëmgedréint ginn, esou de Gilles Roth.
Personalbudget vun iwwer 7 Milliarden Euro
De Personalbudget beim Staat wäert bei iwwer 7 Milliarden Euro leien. D’Fonctionnementskäschte vum Staat sollen awer net méi esou staark klamme, wéi an de leschte Joren, huet de Minister Gilles Roth och annoncéiert.
"D’Zuel vun den Neiastellunge bleiwen héich, mä klamme manner séier, wéi an der Vergaangenheet. De gréissten Zouwuess gesi mer bei der Police, der Educatioun an der Arméi. Also, net onendlech vill Poste schafen, awer weiderhin do wou et prioritär ass. verstäerkt Digitaliséierung do wou et méiglech ass."
D'CGFP huet dorop reagéiert: D’Staatsbeamtegewerkschaft hätt ni gefrot, datt d’Personal beim Staat massiv an d’Luucht geet, erkläert de Steve Heiliger.
"Et muss ee Schrëtt halen. Mir hu jo och elo nach eng nei Donne, dat ass d’Digitaliséierung an der Fonction Publique, wat och een Element ass, wat een hei muss mat consideréieren, wou mir jo och ëmmer gesot hunn, do musse mir mat op den Zuch opsprangen, do musse mir Schrëtt mathalen. Mir hunn awer och ëmmer gläichzäiteg gesot, Digitaliséierung just do, wou se Sënn mécht."
Op kee Fall dierft d’Digitaliséierung awer zu engem Ofbau vu Plaze beim Staat féieren, betount de CGFP-Generalsekretär.
Iwwerstonnen an der Educatioun: D'Erklärung wier de Personalmangel
Prezis Zuelen, wéi vill Neiastellungen et an den nächste Joren nach beim Staat solle ginn, hätt d’Staatsbeamtegewerkschaft keng vun der Regierung genannt kritt. De Steve Heiliger erënnert an deem Kontext och un déi 1.800 Plaze beim Staat, déi net besat konnte ginn.
"Mir kréie sou dacks gesot, all Mënsch geet bei de Staat schaffen. Hei weist sech awer ganz kloer, datt och de Staat net ëmmer déi néideg Profiller fënnt a grad d’Fonction Publique, déi am Sënn vun der Allgemengheet schafft, ech mengen do ware mir als CGFP jo och ëmmer beméit, datt mir wierklech do héichwäertegt Personal am Staatsdéngscht hunn."
An der Budgetsried gouf och ugekënnegt, datt et dee gréissten Zouwuess u Personal beim Staat ënner anerem an der Educatioun soll ginn.
"Do gi ganz vill Iwwerstonne gemaach: Dat weist, datt net genuch Personal do ass. A bei Arméi a Police baséiert dat jo och op Accord sektoriellen."