Radioen

On air

Notturno  |  Townes Van Zandt - Like A Summer Thursday

play_arrow Live
search

/ Déidlechen Tëschefall zu Nidderkuer op der Gare: E jonke Mann gouf vum Zuch erfaasst

Eisebunn

Déidlechen Tëschefall zu Nidderkuer op der Gare: E jonke Mann gouf vum Zuch erfaasst

Wéi d'Police confirméiert koum et de Moie géint 5 Auer zu engem déidlechen Tëschefall op der Nidderkuerer Gare. E jonke Mann gouf vun engem Zuch erfaasst an ass kuerz drop u senge Blessure gestuerwen.

auto_stories

1 min

Schinnen | ©  Nick Fewings
Schinnen (Foto: Nick Fewings)

Fir déi genau Ëmstänn ze klären huet de Stater Parquet Ermëttlungen an eng Obduktioun an Optrag ginn.

Nom Tëschefall war den Zuchtrafic wier länger Zäit ënnerbrach. Op der betraffener Linn 60 tëschent Esch-Uelzecht a Péiteng sinn dofir de Moie keng Zich méi gefuer, an dat a béid Richtungen.

Zanter 10 Auer de Moie wier den Zuchtrafic op deem Deel vun der Linn 60 awer nees ugelaf. Verspéidungen an Annulatioune wieren awer nach méiglech, sou d‘CFL an engem Communiqué.