Den Innenminister Léon Gloden hat dës méiglech Ännerung um Gesetzesprojet VISUPOL d’lescht Woch an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt.
CCDH bedauert aktuell Situatioun
Wéi schonn d'Oppositioun no der concernéierter Chamberssëtzung, bedauert och d'Mënscherechtskommissioun, datt hiren Avis net wäert verbindlech sinn. Leider wier dat bei hiren Avisen ëmmer de Fall, bedauert de Max Mousel, Jurist bei der CCDH.
"Déi Alternativ wier op d'mannst - dat ass och um internationalen Niveau recommandéiert, esou Krittären, déi Mënscherechtskommissioune mussen erfëllen - ee Suivi gemaach gëtt, datt een op d'mannst gesot kritt, firwat eppes net suivéiert ginn ass. An dat feelt allgemeng bei eisen Avisen am Moment, leider."
Et géif een awer begréissen, datt d'CCDH iwwerhaapt gefrot gouf, ob si dës Aufgab wëllen iwwerhuelen. Wann d'CCDH et net gemaach hätt, da wier keen Avis méi ausgeschafft ginn, erkläert de Max Mousel.
"Wat war d'Justifikatioun, fir hei elo déi do Zonen ënner d'Kameraen ze setzen? Wat ass d'Proportionalitéit? Wat ass Noutwennegkeet?"
D'CCDH bedauert, datt d'Adaptatioune vum Gesetzesprojet elo schonn der Kommissioun virgestallt goufen, ouni datt d'CCDH een Avant Projet de loi ze gesi krut.
Opstocke vu Juristen ass ni geschitt
Hire finalen Avis ass iwwerdeems nach net fäerdeg, mee et hätte sech awer schonn eng Rei Punkten erauskristalliséiert, esou de Max Mousel.
"Dat gëllt fir eis als CCDH dann, mee awer och fir all déi aner Acteuren, déi och do musse contribuéieren, wéi zum Beispill d'Police. A wat och wichteg wier ass, datt d'CCDH awer och kann aner Experte bäizéien, fir zum Beispill Kriminologen, ONGen, also Acteure vum Terrain, och d'Police alt erëm. Wou mir do e bësse Suergen hunn, dat net fir d'éischt och, datt d'CCDH elo eng zousätzlech Missioun kritt huet, ouni déi néideg Ressourcen derbäi ze kréien."
Domat hätt d’Mënscherechtskommissioun nämlech schonn hir Erfarung, wéi si am Beräich Mënschenhandel als Rapporteur genannt gouf. Och do wier vun engem Opstocke vu Juriste rieds gewiescht, mee ni ëmgesat ginn, esou de Max Mousel.
Weider VISUPOL-Iwwerwaachungskamerae wäerte vum 1. Mee un an de Gemengen Déifferdeng a Gréiwemaacher ze fanne sinn.