Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGDIS: Ronn 200 Interventioune wéinst dem Héichwaasser zënter gëschter Owend

Bilan

CGDIS: Ronn 200 Interventioune wéinst dem Héichwaasser zënter gëschter Owend

Am Verglach mat de Nopeschregioune wier ee mat engem bloen Aen dervu komm, seet den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt iwwert déi vergaange Stonnen. Op der Musel klëmmt d’Waasser nach, mee och do misst sech d’Situatioun am Laf vum Weekend entspanen. Op der Uelzecht misst d’Waasser sech elo haut nees zréckzéien. De CGDIS zielt zënter gëschter ronn 200 Interventioune wéinst dem Héichwaasser.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

D'Rettungsdéngschter vum CGDIS hate vill ze dinn. Betraff war bal d'Hallschent vun de Gemengen, preziséiert den Directeur de garde Steve Mack.

"Alles an allem hate mer bis Mëtternuecht, wou de Centre de gestion des opérations op war, eng Ronn 700 Appeller eleng nëmme fir d'Héichwaasser.“

Wat d'Peegelen ugeet, sou wier d'Situatioun op der Uelzecht am Verglach mam Januar zu Miersch an Hesper am selwechte Beräich gewiescht.

Peegelen op der Musel gi just lues zeréck

D'Peegele waren awer op anere Plazen op der Uelzecht e bësse méi héich, wéi am Pafendall an zu Steesel. Op der Musel dauert et e bësse méi laang fir datt de Waasserstand zeréckgeet, seet den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt.

"Do rechne mer domat, datt mer elo d'Côte de vigilance wäerten iwwerschreiden. Dofir si mir elo fir d'Musel an d'phase jaune gaange fir d'Musel. Et ass awer elo net esou, datt mir e gréissert Héichwaasser erwaarden - also näischt wat mir elo dëse Wanter net scho gehat hätten.“

D'Cellule d'évaluation koum zënter gëschter den Owend 5 mol mat de Rettungsdéngschter mam Waasserwirtschaftsamt a mam Haut-commissariat à la protection nationale zesummen. Um 9 Auer de Moie kënnt d'Cellule d'évaluation nach eng Kéier zesumme fir de Point ze maachen.

Lauschterenplay_arrow

"Mat engem bloen Aen dervu komm"

Zu Mäertert Waasserbëlleg ginn d’Peegelen nach observéiert, well d’Saar vill Waasser gefouert huet. Dowéinst ass op der Musel ee Réckstau entstanen. De CGDIS hat am ganzen a 49 Gemengen eng 200 Interventiounen zanter gëschter. Den 112 krut 700 Appeller wéinst Iwwerschwemmungen, preziséiert den Colonel Steve Mack Directeur de Garde vum CGDIS. De Samschdeg Moie war et wesentlech méi roueg, sou de Steve Mack.

“Da grad gesäit een jo och, dass d’Peegel amgaange sinn, op ville Plazen erëm erofzegoen. Et ass am Beräich vun der Musel virun allem zu Waasserbëlleg Mäertert wou  reegelméisseg gekuckt gëtt, wou awer laut d'Informatioune vum Waasserwirtschaftsamt et éischter Entwarnung gëtt, sou datt mer eigentlech mengen datt mer generell mat engem bloen A wierklech dervu komm sinn, wann ee kuckt, wat bei eise Kolleegen an Däitschland oder och a Frankräich de Moment, oder gëschter war.”

D'Saarland gouf méi schwéier getraff

Och am Weste vun Däitschland goufen de Samschdeg Moien alleguerten d‘Onwiederwarnungen opgehuewen. Allerdéngs sinn d‘Rettungsekippen ëmmer nach am Groussasaz.

Am franséische Loutrenge fänkt d‘Héichwaasser och op deene meeschte Plazen un zeréck ze goen. Och hei war d‘Situatioun plazeweis ganz schwiereg. Zu Forbach ware bal 500 Persounen an engem TGV blockéiert ginn, well den Zuch wéinst dem staarke Reen net konnt weider fueren. Eréischt haut de Muere war d‘Streck nees fräi.

Aktualitéit