Radioen

On air

Notturno  |  Freshdax - Gutt Drop, Besser Drënner

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bundesamt fir Migratioun stoppt all Decisiounen iwwer Asydemanden aus Syrien

No Chute vum Assad-Regimm

Bundesamt fir Migratioun stoppt all Decisiounen iwwer Asydemanden aus Syrien

An Däitschland huet no der Chute vum Assad-Regimm a Syrien d‘Bundesamt fir Migratioun a Flüchtlingen elo bis op Weideres all Decisiounen iwwer Asyldemanden aus Syrien gestoppt. Déi Meldung vum Spiegel confirméiert ee Regierunsgspriecher.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / dpa | Matthias Balk

Dat wéinst der den Ament onklorer Lag am arabesche Land. Den Ament géifen iwwer 47.000 Asyl-Demanden aus Syrien nach an Däitschland opstoen – dovun iwwer 46.000 Éischt-Ufroen. D‘Reegel gëllt awer net fir sougenannt Dublin-Prozeduren, bei deenen een anert EU-Land fir d‘Asylprozedur zoustänneg ass. D‘EU-Kommissioun recommandéiert iwwerdeems fir den Ament, datt Flüchtlingen net a Syrie sollen zeréck goen – d‘Conditioune fir ee séchere Retour wieren den Ament nach net ginn, esou d‘Aschätzung.

Den Owend soll den UNO-Sécherheetsrot zesummekommen, fir iwwert d‘Situatioun a Syrien ze beroden. International gëtt eng nei inklusiv Regierung zu Damaskus gefuerdert.