Radioen

On air

Notturno  |  Advance Base - Love At The Five & Dime

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bei de Kliniksinfrakstrukturen ass net mat Méikäschte fir de Staat ze rechnen

Budgetskontrollkommissioun

Bei de Kliniksinfrakstrukturen ass net mat Méikäschte fir de Staat ze rechnen

D’Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber mécht zweemol d’Joer de finanzielle Suivi vun de grousse Projete vu Kliniksinfrastrukturen. De Mëtteg war esou eng Sitzung a Presenz vun der CSV-Gesondheetsministerin Martine Deprez.

auto_stories

2 min

Dës Projete ginn zu 20 Prozent vun der Gesondheetskeess finanzéiert, an zu 80 Prozent duerch de Staat. Dowéinst wier et wichteg, se relativ staark am Bléck ze behalen, seet de President vun der Budgetskontrollkommissioun Franz Fayot. Et geséich awer net esou aus, wéi wa bei de Kliniksinfrastrukture Méikäschten op de Staat géifen duer kommen, esou den Oppositiounsdeputéierten no der Sitzung vun haut.

"Et sinn der eng Rei, déi si scho realiséiert. Dat sinn haaptsächlech d’Projeten nei Maternité, awer och d’Projete vum HRS (Hôpitaux Robert Schuman), vun der Psychiatrie juvénile, wou mir am Budget dra sinn. An och déi aner, déi réischt zum Deel wierklech realiséiert sinn oder ugefaangen hunn, wéi d’Südspidol zu Esch, och do gesäit et awer ganz dono aus, wéi wa mer kéinten am Budget bleiwen."

Franz Fayotplay_arrow

Grad zu Esch misst awer lo mat der Ännerung vum Architekt gekuckt ginn, datt een an der Enveloppe dra bleift. De Franz Fayot ass awer zouversiichtlech, datt et net zu villen Depassementer kënnt.

Am Südspidol solle bis spéitstens 2032 déi éischt Patiente behandelt ginn, hat de President vum CHEM-Verwaltungsrot, den Escher Buergermeeschter Christian Weis Mëtt Februar am 100,7-Interview ugekënnegt. Den CSV-Politiker hat och gesot, datt d’Südspidol méi wéi déi aktuell geplangte 542 Milliounen Euro wäert kaschten.