Radioen

On air

Notturno  |  Alex Dupree - This Time Dad You're Wrong (Live)

play_arrow Live
search

/ Brittesch Post gëtt un een tschechesche Milliardär verkaf

Groussbritannien

Brittesch Post gëtt un een tschechesche Milliardär verkaf

D‘Royal Mail, déi brittesch Post also, gëtt un den tschechesche Milliardär Daniel Kretinsky verkaaft. Déi brittesch Regierung huet um Méindegmoie gréng Luucht dofir ginn.

auto_stories

1 min

© MikeCphoto / Bigstock
Foto: MikeCphoto / Bigstock

Den tschechesche Milliardär soll d‘Royal Mail, déi a finanzielle Schwieregkeet stécht, fir 3,6 Milliarde Pond, ëmgerechent 4,3 Milliarden Euro, kafen. An hie muss verschidde Garantie ginn, zum Beispill datt de Siège a Groussbritannie muss bleiwen an datt d‘Haaptservicer erhale bleiwen.