Radioen

On air

Tockcity  |  Miami Horror, Tim Ayre - Don't Leave Me (In The Sunshine)

play_arrow Live
search

/ Bréiwer a Päck verschécken: Post passt hir Tariffer un

Adaptatiounen

Bréiwer a Päck verschécken: Post passt hir Tariffer un

D'Tariffer, fir national an international Post ze verschecken, gi vum 1. Februar un adaptéiert. Fir Bréiwer gëtt et eng Präiserhéijung, bei de Päck ass dat awer anescht.

auto_stories

1 min

Post | ©  picture alliance / Horst Galuschka | Horst Galuschka
Post (Foto: picture alliance / Horst Galuschka | Horst Galuschka)

De Standardbréif am Inland kascht an Zukunft 1,20 Euro, also 20 Cent méi. D‘Verschécke vu Päck gëtt dann awer méi bëlleg. Fir an d‘Nopeschlänner zum Beispill gëtt de Präis fir d‘Verschécke vun engem Pak vu bis zu zwee Kilo ëm 50 Prozent erofgesat.

Déi Zuelen huet d‘Post an engem Communiqué matgedeelt.

Dës Ännerunge wieren néideg wéinst dem Réckgang vum Bréifvolume a vun den domat verbonnenen Käschten.