Medieberichter no wier hënt dobäi en Haus an engem Flüchtlingsquartier am Zentrum vun der Gazasträif getraff ginn. Der Hamas no sinn dobäi op d‘Mannst 45 Mënsche gestuerwen, an der Haaptsaach Fraen a Kanner. Honnerte Persoune wieren och blesséiert ginn. Déi israeelesch Arméi huet matgedeelt, si géif déi Informatiounen iwwerpréiwen.
US-Ausseminister op Visitt am Westjordanland
Den US-Ausseminister Antony Blinken reest Medieberichter no haut op Ramallah an d‘Westjordanland. Hei wier eng Renconter mam palestinensesche President Mahmud Abbas geplangt. Um Programm stéinge Medieberichter no Gespréicher iwwert d‘Zukunft vun der Gazasträif nom Krich.
Israel wëllt nom Massaker vum 7. Oktober déi militäresch Capacitéite vun der Hamas zerstéieren an d‘Herrschaft vun der islamistescher Organisatioun am Küstegebitt op en Enn bréngen. Den US-Ausseminsiter huet sech dofir ausgeschwat, datt déi palestinensesch Autoritéit vum Abbas nees d‘Kontroll iwwert d‘Gebitt iwwerhëlt. Déi fuerdert dofir awer eng Zwee-Staate-Léisung, mat der Grënnung vun engem onofhängege palestinensesche Staat.
Membere vun der Israeelescher Regierung géint Zwee-Staate Léisung
Déi Visioun gëtt vun de meeschte Membere vun der aktueller Regierung an Israel awer als Gefor fir de jüddesche Staat ugesinn an dofir ofgeleent. Et gëtt och rietsextrem Ministeren, déi eng Annexioun vum Westjordanland a souguer vun der Gazasträif revendiquéieren.
An engem Interview huet de Minister fir d‘Kulturierwen haut esouguer d‘Méiglechkeet vun enger Atombomm evoquéiert, fir géint d‘Hamas ze kämpfen. D‘Regierung huet awer séier dogéint geruddert. De Premier huet betount, Israel an d‘Arméi géifen am Aklang mam internationale Recht handelen, fir Schued un Zivilisten ze evitéieren.