Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Radar - ënnert der Woch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Boeing muss 737 Max 9 Fligeren um Buedem loossen

amerikanesch Autoritéit fir zivil Aviatioun

Boeing muss 737 Max 9 Fligeren um Buedem loossen

Nom Tëschefall d‘leschte Freideg muss den amerikanesche Fligerkonstrukteur Boeing weider eng 171 Fligere vum Typ 737 MAX 9 Fligeren um Buedem loossen. Eng Dier war aus engem vun deene Fligeren erausgefall, wéi en an der Loft war. De Fliger war sécher noutgelant, e puer Leit ware liicht blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

© Foto: Global Panorama / Flickr
(Foto: Foto: Global Panorama / Flickr)

Déi amerikanesch Autoritéit fir zivil Aviatioun sot, 171 Boeing-Fligere vun deem Typ missten ënnersicht ginn an dierfte bis op Weideres net fléien.

Betraff sinn ënner anerem déi amerikanesch Gesellschaft Alaska Airlines an Turkish Airlines.