Radioen

On air

Tockcity  |  Dolores Forever - Someday Best

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blonde Redhead - Sit Down For Dinner: Du sëtz dech fir z’Iessen, an d’Welt ass eng Aner

Album vun der Woch

Blonde Redhead - Sit Down For Dinner: Du sëtz dech fir z’Iessen, an d’Welt ass eng Aner

​​​​​​​Blonde Redhead, dat ass keen neien Numm an der Indie-Zeen. Schonns 1993 hu sech déi deemoleg Konschtstudenten zu New York zesummefonnt. Si, dat waren d’Japanerin Kazu Makino op Gittar a Gesang, an déi italieenesch Zwillingsbridder Simone an Amadeo Pace um Rescht, an der Rhythmussektioun natierlech, mee och op de Synths.

auto_stories

4 min

Bei hirem Stil géifen déi meescht wuel op Sonic-Youth inspiréierten No-Wave tippen, an domat d’Wuerzele vun der Band evoquéieren. Well genee déi Connectioun huet den Ufank vn hirer Karriär bestëmmt. Hir éischt Plack gouf vum Batteur vu Sonic Youth, dem Steve Shelley produzéiert. Bis 2000 huet d’Band trotz enger Rei Changementer an der Besetzung weider Placke verëffentlecht, ier e Reitaccident vun der Leadsängerin eng Paus erzwongen huet. Eng ganz produktiv Paus, well déi dorop folgend Plack, “MiseryIs A Butterfly” sollt zu hirer erfollegräichster ginn. Hire Song “For TheDamaged Coda”, vun dësem Album, ass de Frënn vun der Mickymaus-Serie Rick and Morty als Erkennungsmelodie vum “Evil Morty” bekannt.

Néng Joer, zanter datt hir lescht Plack “Barragan” ouni vill Applaus oder Interêt erauskomm ass, si Blonde Redhead awer a grousser Form. Dat iwwerrascht, well op deenen zwou viregte Placken hat den Trio e bësse Schwieregkeeten, sech ervirzedoen, op de Punkt ze kommen, an hei ass alles opgeléist.

Et ass eng Plack, déi ee bei der éischte Kéier Lauschtere vläicht net méi wéi liicht verféiert, mat deem engen oderaneren onvergiessleche Fatzen, mee där hir Schéinheet sech no e puer Kéieren Héieren esou richteg entfaalt, mat Korrespondenzen tëscht de Lidder a schattéierende Stëmmungen. D’Aufgab, den éischten immersive Schock ze verursaachen huet den Opener "Snowman".

Toun-an-Toun, wéi den Hierscht

Dreampop a Showgazing, dat ware Blonde Redhead hir Inspiratiounen tëscht 2004 an esou 2007. Hei héiere mire e Retour dohinner, mee haut mat enger vill méi liichter Hand, a mat vill méi Gefill hannendrun. Wouhier kënnt dann d’Gefill vun der Plack, wat ass hire Belang?

Den Titel ass fir d’Gebridder Pace emol eng Reaffirmatioun vun hirer italieenescher Kultur, wou et net negociabel ass, sech zesummen ze setzen, fir z’iessen, et ass den Héichpunkt vum Dag, fir jiddwereen. Der Leadsängerin Makino hir Contributioun zum Titel koum beim Liese vun engem Buch vun der Joan Didion. Ët geet heibäi em dëse Passage:

"D'Liewen ännert sech am Moment. Dir sëtzt fir Iessen an d'Liewen,wéi Dir et kennt, ass eriwwer."

Dat kléngt no enger Pandemieplack, a jo, effektiv. Blonde Redhead hunn d’Inspiratioun vun der Plack an der Pandemiegeschöpft, mat engem aneren A op de Verloscht, net nëmme vu Sëcherheet aFräiheeten, mee och vu Persounen, hu sech Zait gelooss, hir Inspiratiounen an der Déift ze sichen, a sech duerno déi néideg Zäit ze huelen, fir se zu dëser intensiv verstréckter Plack zesummen ze wiewen. Eraus stécht och zum Beispill dat fantastescht “Kiss Her Kiss Her”, an deem d’Pace Bridder wéi Goblin mat de Sounds spillen an den einfache Songwriting an eng onvergläichlech Stëmmungdauchen.

Beréierend onschëlleg

Dat ass wouer fir all d’Instrumentatiounen op der Plack. Si maachen déi puer Hooks a vill meditativ Momenter zu engem Erliefnes vu changéierende Faarwen an enger ëmmer liicht ännerender Gamme. Blonde Redhead hunn dës Plack ganz selwer produzéiert, an ëmsou Méi Éier hinnen, well si ass gestallt vu beréierend onschëllege Performances, mol komplex, mol simpel zesummegestréckte Melodien, an enger flexibler Rhytmussektioun.

Wéi schéin déi Melodië sinn, weist hei d’Beispill vun “Not For Me” heemgesicht vun iwwerhuewene Backing Vocals a kale Stëmmsynthien, dee mech einfach geholl hunn. Schichte vun enger Melancholie, déi net besser bei d’Trëppelen duech gefale Käschteblieder kéint passen. Blonde Redhead si keng Virtuosen, dat ass et grad watder einfacher, mee richteger Approch un d’Lidder esou vill Wäert gëtt. Et ass eng relativ einfach Plack, mee hir Bléck sinn net mat Speis uneneegepecht, mee gräifen anenee wéi natierleche Steen. Et ass ganz schéin, ze héieren, wéi dës Lidder ouni vill Effort ofhiewen.

D’Lektioune vum Tounschichten bei hire Shoegazing Experientatiounen an hiren eenzegaartegen, verdreemtene Popusaz verhëllefe Blonde Redhead op dëser Plack net nëmmen zu staarke Momenter, mee och zu engem stëmmege Ganzen, dat een esou u Bord huele kann an op sechwierke loossen däerf. An deem Sënn ass et eng generéis Plack, déi net zevill Entrée freet wann et ëm den Accès geet. Wéi gesot, wann Iech déi éischte Kéier gefall huet, lauschtert nach e puer Mol.