Den US-Ausseminister huet och virdru gewarnt, datt d‘Spannungen un der israeelesch-libanesescher Grenz weider klammen. Gëschter um Méindeg war ee Kommandant vun der libanesescher Hisbollah-Miliz am Libanon bei engem Drone-Bombardement ëm d‘Liewe komm. Den israeeleschen Ausseminister sot, datt Israel hannert där geziilter Attack stécht.
Médecins sans frontières huet iwwerdeems eng Equipe an déi libanesesch Grenzregioun geschéckt, well do ëmmer méi Leit wéinst den ëmmer méi intensive Bombardementer fortlafen. Dës Gewalteskalatioun géif déi humanitär Kris am Libanon – ee Land dat schonn an enger schroer Wirtschaftskris stécht - weider verschäerfen, sou MSF. D‘Populatioun wier un Hëllef ugewisen.