Radioen

On air

Notturno  |  The Smile - You Will Never Work In Television Again

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Blinken an Netanjahu schwätzen iwwert eng méiglech Wafferou an der Gazasträif

Noen Osten

Blinken an Netanjahu schwätzen iwwert eng méiglech Wafferou an der Gazasträif

Den US-Ausseminister Antony Blinken an den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu hunn am fréien Nomëtteg Gespréicher an Israel ugefaangen. Dat mellt de Büro vum Netanjahu. Theema ass virun allem eng Wafferou an der Gazasträif. Iwwerdeems gouf et een israeeleschen Ugrëff op d'Unisklinik zu Beirut.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Freddie Everett - Department of State via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Freddie Everett - Department of State via CNP

Parallel huet d‘israeelesch Arméi d‘Banlieue südlech vun der libaneesescher Haaptstad Beirut ugegraff, nodeems nees den Opruff un d‘Awunner koum, fir ze evakuéieren, esou staatlech libaneesesch Medien.

Israel huet seng Ugrëff do an och op anere Plazen uechter d‘Land zënter gëschter Owend verstäerkt. De Bilan vun den Doudesaffer no esou engem Ugrëff bei engem Spidol zu Beirut ass op 13 geklommen, dorënner ee Kand.

Israeeleschen Ugrëff op Unisklinik vu Beirut

De Bilan vun den Doudesaffer nom israeeleschen Ugrëff bei der Unisklinik vu Beirut ass op 18 geklommen, esou de Gesondheetsministère. D‘Spidol wier schwéier beschiedegt ginn. De Betrib géif awer weiderlafen, esou den Direkter. Hien huet d‘Virwërf, datt d‘Hisbollah Miliz ënnert der Klinik e Bunker gebaut an Honnerte Milliounen Dollar do verstoppt hätt, ofgestridden.

D‘Hisbollah huet da virun der Press confirméiert, datt eng Partie Kämpfer vun der Miliz vun Israel gefaange geholl gi wieren, ouni ze soe wéi vill. An d‘Miliz huet d‘Dronenattack e Samschdeg op dem israeelesche Premier Benjamin Netanjahu säin Haus fir sech revendiquéiert.