Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Oscar Peterson Trio, Sonny Stitt - Au Privave

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"

Album vun der Woch

Black Pumas - "Chronicles of a Diamond"

De Black Pumas hiren Debut vun 2019 gouf ganzer sechs Mol bei de Grammys nominéiert. Et war een Triumph fir de frësch gebakenen Duo aus dem Texas. Déi grouss Tournée, déi nom Album versprach war, gouf awer ofgebrach. Ze schnell an ze intensiv war den Opstig.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

play_arrow

Op der neier Plack, déi souzesoen een zweeten Debut ass, dréit sech erëm alles ëm Soulmusek. Mee d’Songs sinn dës Kéier ee gutt Stéck méi eegen. “Chronicles of a Diamond” heescht se, a versprécht net manner wéi Alchimie, Couche ëm Couche.

Den Hype ëm den texaneschen Duo huet sech iwwer dräi Joer opgebaut, an huet säin Héichpunkt op der Grammy-Zeremonie virun zwee Joer erreecht, wou den Harry Styles gefilmt gouf, wéi hien all Wuert vum Song “Colors” konnt matsangen, an d’HAIM-Schwesteren änlech Begeeschterung gewisen hunn.

Aner Museker hunn d’Black Pumas also scho mol gär. Si hunn och fir d’Inauguratioun vun der Biden-Presidentschaft gespillt, wat villäicht deels eppes mat hirem Numm ze dinn huet: Black Pumas, dat erënnert un d’Black Panthers an un déi amerikanesch Biergerrechtsbeweegung vun de 70er.

Een zweeten Debut

Et war awer schwéier fir de Sänger Eric Burton an den Arrangeur a Gittarist Adrian Quesada, aus de Startlächer ze kommen. Ze vill goufe si sollicitéiert fir Concerten ze spillen. Esou vill, datt si eng Tournée no der Verëffentlechung vun hirem Debut hu misse wéinst Erschöpfung ofbriechen.

Och fir d‘Opnam vun dëser zweeter Plack war den Drock grouss. „Bei der éischter Plack hat den Adrian d‘Musek scho bal prett. Dës Kéier net. Ech konnt mech vill méi abréngen, an och al Songs vu mir mat op d‘Plack bréngen.“, esou de Burton am Pressetext.

Den Drock, deen hien si dobäi verspuert hunn, hätt dem Album säin Numm ginn: „Chronicles of a Diamond“ - d‘Geschicht vu Kuel, déi ënner Drock zum Kristall gëtt.

Fir d‘Musek waren déi geännert Ëmstänn definéierend. Vum Mastermind gëtt de Quesada zum detailléierten Interpret, deen dem Burton seng Kompositioune mat Arrangements-Touchen a räicher Instrumentatioun a Watt apéckt, developpéiert, a perfektionéiert.

Dobäi huet hie vill méi Plaz, seng Gittar anzesetzen, erfënnt verzerrte Soli, Atmosphären aus gepärelte Couchen, a villes méi. De Burton séngt eege Songs nach eppes méi gequäält an intensiv, an esou räisst och d‘Stëmm méi oft aus, fënnt sech besser.

De Black Pumas hir éischt Singles, zum Beispill „Black Moon Rising“, ware wonneschéi Soul-Stécker, mee villäicht scho bal e bëssen ze vill perfekt. Déi nei Plack erlaabt Ausräisser, a gewënnt doduerch un Déift.

Ausnamemuseker

De Quesada ass iwwer d’Véierzeg ewech a war ënnert Anerem mat Grupo Fantasma, deen de Prince op Tournee begleet huet. Eng haart Schoul. Et si seng Tounastellungen, déi d’Musek esou “vintage” kléngen doen, nach eemol gehuewe vun der Magie vum John Congleton, engem vun deenen talentéiertsten Alternative-Produzente vun deene leschten zéng Joer.

De Sound bleift, wat e war: eng Mëschung aus Soul, Blues a psychedeleschem Rock. De Message och: Oppenheet a Fridden iwwert alles. Näischt Militantes, wéi een et beim aggressive Bandnumm kéint erwaarden, mee ee Gedanken un all déi léif Aarbechter, déi eis moies op der Tankstell empfänken, mam Schnéiplou fueren oder eis ons Bréiwer bréngen.

Um Enn ass „Chronicles of a Diamond“ eng Soulplack, déi d‘Rad zwar net nei erfënnt, mee een neien Niveau vu Perfektioun an Energie an d‘Soul-Zäitreese mat erabréngt. D‘Black Pumas sinn aus de Startlächer, dat richteg Schwéiert, dat fänkt elo eréischt un.

Lauschterenplay_arrow