Bei héijen Temperature gëtt recommandéiert sech, wa méiglech, net ze vill der Sonn auszestezten, a keng sportlech Aktivitéiten dobaussen ze maachen. Besonnesch em d'Mëtteszäit wou d'Sonn am héchsten um Himmel steet.
Virun allem al Léit a kleng Kanner kënnen Hëtz manner gutt reguléieren. Wann méiglech soll een sech an engem kille Raum ophalen a genuch drénken.
Et bléift déi ganz Woch iwwer warm, mat Temperaturen iwwer 25 Grad, wéi MeteoLux mellt.
Vigilance jaune och a Frankräich
An 13 Departementer, am Weste vu Frankräich, gëllt och eng Vigilance jaune. D'Temperaturen wieren fir déi aktuell Saison ongewéinlech héich, esou de franséische Wiederdéngscht.
Hëtze-Warnunge sinn net ob déi liicht Schëller ze huele, wéi verschidden tragesch Tëschefäll gëschter a Frankräich gewiesen hunn.
Een Hëtzedoudege bei enger Course zu Paräis
Wärend enger Course zu Paräis ass eng Persoun gestuerwen, am Val-de-Marne hunn 10 Leefer missen hospitaliséiert ginn.
Am Departement Gironde, un der franséicher Atlantikküst, sinn iwwerdeems zwee Schwëmmer am Mier erdronk. Wéinst der Hëtz wieren d'Plagen den Ament gutt besicht, wéi déi franséisch Dageszeitung Le Figaro schreif. Wéinst staarken Stréimungen, wier et awer och hei eng Warnung ginn, fir net ze wäit an d'Mier eraus ze schwammen.