“Iechiyd Da” - Prost oder, Gesondheet, huet de walisesche Songwriter sai 7. Soloalbum gedeeft, an huet domat zanter séngem orchestralen “A Bad Wind Blows Through My Heart” fir d’éischt erëm eng Spiral vun Optimismus entdeckt.
Fir de fréieren The-Coral-Frontmann, dee mat senger Band ëfters Panikattacken op der Bün hat, ass dat eng Revelatioun. “Iechyd Da” kléngt hoffnungsvoll an optimistesch, och wann d’Texter vu schwéieren Erfarunge schwätzen, romantesch Krise ganz am Vierdergrond. Mat einfache Wierder geet op “I Know That It’s Like This (Baby)” d’Rees mat engem gléckleche Libeslidd a lëftegem 60er Pop lass, fir um Enn zu enger vu Selbstzweiwel duerchsater, traureger Konsequenz ze kommen.
Grouss arrangéierte Pop
Déi wonnerschéi Piano-Ballad “A Bad Wind Blows in My Heart Pt 3“ kuckt an den Ofgrond vu glécklechen Erënnerungen, déi verfloss sinn, a beweegt eng soss gittars-laaschteg Plack, wéi villeruerts, ganz wäit an de Pop-Beräich eran. Et mierkt een et kaum, an da steet een op eemol mëtten dran.
Sech eng Welt virzestellen, wou hien net méi existéiert, kéint op “If Tomorrow Starts Without Me” déif schwaarz ginn, mee weist am Plaz séiss a spilleresch Facetten, mat elasteschem Groove, an engem Glënnere vun Hoffnung.
Bei all dësen Titele fält och eng schéin a sensibel Produktioun op, fir déi sech de Ryder-Jones selwer verantwortlech zeechent. Net vun ongeféier huet hien déi lescht Jore gréisstendeels domat verbruecht, aner Leit hir Musek ze produzéieren, ënnert Anere Red Elastic Band.
Ee Kaleidoskop vu Gefiller
Iwwer déi ganz Plack gekuckt geléngt dem Ryder-Jones villäicht een änlech duussen Iwwergang vun Indie Rock op Pop wéi sengerzäit de Keane an den 2000er Joren, mee mat méi Nuancen an den Arrangementer an am Sound, a méi réi kléngender Produktioun. Et kann ee villäicht un de Landsmann Gruff Rhys erënnert sinn, deen e bësse méi psychedelesch Sensibilitéite matbréngt,mee op enger änlech eklektescher Schinn fiert. Kannerchéier inclus, op “It’s Today Again”.
“Ech hu mech ëmmer revoltéiert, wann d’Leit mech gefrot hunn, ob et befreiend war, eng Plack ze maachen. Bei där heiter soen ech dat elo selwer.”, esou de Ryder-Jones iwwert seng Plack. Héiert een dat eraus?
Jo, et ass eng befreiend Plack, besonnesch wéinst hiren apräägsame Melodien a richteg getraffenen Emotiounen. Si ass och zimmlech laang mat 13 Tracks, mee dovunner wäert wuel all Nolauschterer seng eegen Hallschent Favoritten hunn - well et ass facettëräich Musek.