Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Neal Francis - What's Left Of Me

play_arrow Live
search

/ Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 15 - Connection mat Cybertruck-Explosioun zu Las Vegas gëtt gepréift

Attentat zu New Orleans

Bilan vun den Doudesaffer klëmmt op 15 - Connection mat Cybertruck-Explosioun zu Las Vegas gëtt gepréift

Bei enger Terrorattack zu New Orleans am amerikanesche Bundesstaat Louisiana sinn op d'mannst 15 Leit ëm d' Liewe komm. Weiderer goufe blesséiert. Elo leeft d'Enquête.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Daniel X. O'Neil / Flickr play_arrow
(Foto: Daniel X. O'Neil / Flickr)

An der Silvesternuecht war e Mann mat engem Pick-Up-Truck an eng Mënschemass gefuer. De Mann, dee vun der Police erschoss gouf, konnt mëttlerweil identifizéiert ginn. Et soll sech ëm den 42-Joer ale Shamsud-Din Jabbar handelen.

Den US-President Joe Biden huet matgedeelt, wat iwwert de Mann bekannt ass.

“Den FBI huet mir matgedeelt, dass den Täter een amerikanesche Staatsbierger ass, deen an Texas gebuer gouf. Hie war aktiven Deel vun der amerikanescher Arméi fir vill Joren, a spéider Reservoffizéier. Den FBI huet mech zousätzlech doriwwer informéiert, dass den Täter e puer Stonne virun der Attack Videoen an de soziale Medie gepost huet, an deenen hien indiquéiert huet, vum Islamesche Staat inspiréiert ze sinn, a Leit ëmbrénge wéilt.”

An deene Videoen hätt en och nach seng Intentioun kloer gemaach, seng Famill wëllen ëmzebréngen, wier awer du vun där Iddi ofgeréckelt, sou CNN. Zudeem géife Geriichstdokumenter weisen, datt den Afghanistan-Veteran mat finanzielle Problemer ze kämpfe gehat hätt. 

FBI: Wuel keen Eenzeltäter

Den FBI, deen d’Dot als Terrorakt deklaréiert huet, geet dovun aus, datt de Jabbar net aleng gehandelt huet. Am Pick-Up-Truck, dee geléint war, goufen och nach Sprengsätz fonnt, déi an engem AirBnB gebaut gi wieren, sou nach den FBI. 

D’Stad New Orleans, déi am Februar de Superbowl ausdroe soll, a wou am Mäerz d’Mardigras-Fuesparad all Joers Millioune Leit unzitt, misst elo d’Balance fannen, sécher fir jiddereen ze sinn, an trotzdeem déi Stad ze bleiwen, déi jidderee sou gär huet, huet de Jean-Paul Morrell vum City Council vun New Orleans gesot.

Déi amerikanesch Autoritéiten ënnersiche momentan och nach, ob d’Dot zu New Orleans am Zesummenhang mam Tesla Cybertruck steet, dee virun engem Trump-Hotel zu Las Vegas explodéiert ass, woubäi eng Persoun gestuerwen ass.

Lauschterenplay_arrow