search

/ Bierdener Biergerinitiativ bedauert, datt een den "Schwaarze Péiter" krut

Projet Nordstad

|
headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Bierdener Biergerinitiativ bedauert, datt een den "Schwaarze Péiter" krut

Scheitert d'Participatioun vun Ierpeldeng un der Nordstad um Enn un enger Wandmillen?

headphones

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© Karsten Würth / Unsplash
(Foto: Karsten Würth / Unsplash)

De 7. Juli war am Ierpeldenger Gemengerot driwwer ofstëmmt ginn, ob weider sollt mat Dikrech, Ettebréck a Schiere sollt geschwat ginn, oder net. A bei deem Vott koum et dunn zu enger 4-4 Pattsitutioun, bei enger Enthalung vum Conseiller Pol Michels vu Bierden. Hien huet seng Abstentioun mam Projet vun der Wandmille begrënnt, déi wuel op Ettelbrécker Territoire, mee an direkter Noperschaft vu senger Noperschaft zu Bierde soll gebaut ginn.

D'Biergerinitiativ mam Numm "Energie mat Verstand" déi déi Wandmille verhënnere wëll, ass domat an eng Diskussioun eragezu ginn aus där si léiwer erausbliwwe wier, erkläert hire President Yves Wallers.

"Mir hätten eis net onbedéngt gewënscht, datt mir de schwaarze Péiter zougeschoustert kréien."

An dësem Fall géif et jo éischter dorëms goen, wéi méi grouss Gemenge wéi Ettelbréck an Dikrech mat méi klenge Gemenge wéi Ierpeldeng verfueren a manner ëm eng Wandmillen.

Net kategoresch géint Wandkraaft

D'Biergerinitiav huet haaptsächlech gesondheetlech Bedenken, firwat si géint d'Wandmillen ass: Stéchpunkter sinn Infraschall, Héieren a Schattenwurf. D'Anlag soll 230 Meter héich ginn, 750 Meter vun den éischter Haiser vu Bierden ewech. An déi Anlag soll op Basis vun enger Norm vun 1997 zougelooss ginn, deemools wieren d'Wandmillen awer 3 mol manner héich gewiescht an déi negativ Effekter dowéinst och warscheinlech manner staark ausgepräägt, seet den Yves Wallers. 

Bei enger Ënnerschrëftenaktioun hate sech 93 Prozent vun de Bierdener Stéit géint de Projet vun der Wandmillen ausgeschwat.

D'Biergerinitiativ wier och net kategoresch géint Wankraaft, mee si vertrëtt d'Meenung, datt de Standuert net gëeegent ass. Dofir hätt een och eng alternativ Plaz proposéiert, déi méi wäit vun Agglomeratiounen ewech ass, mee d'Ettelbrécker an d'Dikrecher Gemeng hätten net wëllen doriwwer diskutéieren.

play_arrow Lauschteren