Radioen

On air

Concert  |  Een Owend an der Elbphilharmonie mat franséischem Impressionismus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bettenduerf: Speziellt demokratescht Versteesdemech

Commentaire

Bettenduerf: Speziellt demokratescht Versteesdemech

Bettenduerf huet d'Gespréicher fir eng Fusioun vun den Nordstadgemenge verlooss. Et hat missen en neie Vott organiséiert ginn. Deen éischte war virun engem Mount d'selwecht ausgaang, war awer dono vum Inneministère annuléiert ginn, well e geheim war, an dat ass fir esou e Vott net virgesinn. Ronderëm déi Entwécklungen hu sech zënter September vill Froe gestallt, mee déi Gemengeresponsabel vu Bettenduerf hu sech verstoppt a gewisen, datt si e speziellt Versteesdemech vun Demokratie hunn, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Den éischte Vott vu September koum fir d'Ëffentlechkeet iwwerraschend: De Gemengerot vu Bettenduerf huet mat 7 zu 4 Stëmme géint weider Gespréicher fir eng Nordstad-Fusioun gestëmmt. Wat sinn d'Grënn fir dee Revirement? Ass eppes an de Fusiounsgespréicher geschitt? Ass Bettenduerf mat deem Vott elo definitiv eraus? Déi Froe wollte mer de Gemengeréit vu Bettenduerf stellen. Mee et ass méi schwéier u si ze komme wéi un de Bëschof. Dem Buergermeeschter hannerloosse mer Messagen a Messagen - leider ouni Äntwert. 

Déi eenzeg, déi e puer Deeg nom Vott hir Positioun erkläert, ass d'Gemengeconseillère Suzette Serres. Si seet sech hei am Moiesstudio enttäuscht iwwert de geheime Vott. Si huet fir d'Fusioun gestëmmt, ass selwer iwwerrascht iwwert déi däitlech Majoritéit am Gemengerot a si spekuléiert, de Schäfferot hätt och géint d'Fusioun gestëmmt, sou wéi dee sech verhält, mee genee soe kéint si et jo net, well de Vott war geheim, an et ass net transparent wie wéi gestëmmt huet.

Nächst Etapp, selwechten Zenario. Den Inneministère annuléiert de Vott vum Gemengerot. Wat seet de Gemengerot zur Annulatioun? Wéini gëtt en neie Vott organiséiert? Mir kréie keen Interview.

De Buergermeeschter huet vir Fusiounsgespréicher gestëmmt, seng Schäffen dergéint

Den Ordre du jour fir d'Sitzung vun e Mëttwoch gouf op Bettendorf.lu verëffentlecht. Mee nees kréie mir keng Erklärungen. Mol net zur banaler Fro, ob déi Motioun vun der Gemengeréitin Suzette Serres fir de Vott duerch e Referendum z'ersetzen um Ordre du jour steet oder net. Mir ruffen nees op der Gemeng un, d'Beamten a Beamtinnen um Telefon wierke veronséchert. Ech froen, ob da kee vum Schäfferot an der Gemeng ass - an opeemol äntwert eng Stëmm am Hannergrond: Mergen hei. De Buergermeeschter huet also heemlech nogelauschtert, a gëtt mer dann ze verstoen, datt mer keng Äntwerte kréien. Da misste mer an de Gemengerot kommen. Wat mer natierlech gemaach hunn. Fir dobäi ze sinn, wéi de Gemengerot nees bannent 20 Minutte géint d'Fusiounsgespréicher stëmmt, an awer och wéi d'Suzette Serres vum Buergermeeschter Diffamatioun virgeheit kritt - wéinst hirem Interview. Et muss ee wëssen: De Buergermeeschter huet beim zweete Vott fir d'Fusiounsgespréicher gestëmmt, seng zwee Schäffen dogéint. D'Suzette Serres war an hirem Interview dovun ausgaangen, de Schäfferot hätt dogéint gestëmmt. Si louch net ganz falsch, huet sech just méiglecherweis beim Buergermeeschter geiert. Mee de Vott war jo geheim, a kee weess, ob déi 7, déi dës Kéier dogéint gestëmmt hunn, déi selwecht si wéi déi 7 aus dem éischte Vott.

D'Geschicht weist: De Buergermeeschter schéisst sech selwer an de Knéi. Hien a säi Gemengerot suerge fir Intransparenz, ginn hirer Verantwortung net gerecht, kritiséieren awer déi, déi sech trauen ze schwätzen. Schued, datt d'Woch vun der Demokratie an de Schoulen elo eriwwer ass. Bettenduerf wier e gutt Beispill gewiescht fir do ze diskutéieren.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft