Radioen

On air

Concert  |  Däitsch Romantik

play_arrow Live
search

/ Bettenduerf: Referendumsdemande iwwer Fusiounsgespréicher gouf agereecht

Nordstad

Bettenduerf: Referendumsdemande iwwer Fusiounsgespréicher gouf agereecht

D'Biergerinitiativ "Pro Referendum Bettenduerf" huet de Freideg de Moien hir erfollegräich Demande fir ee Referendum iwer d’Fusiounsgespréicher fir d’Nordstad deposéiert. Am ganze konnte 621 Ënnerschrëfte vun den 1695 Walberechtegten erreecht ginn, wat gutt iwwer engem Drëttel entsprécht, an also iwwer dem Seuil vun 20 Prozent läit.

auto_stories

2 min

D’Biergerinitiativ huet hir Demande mat den néidegen Ënnerschrëften am Sekretariat ofginn. De Buergermeeschter war zu deem Ament net present. Beim gefuerderte Referendum geet et der Initiativ net ëm d’Fro, ob d’Bierger fir oder géint eng Fusioun sinn, mee vill méi ëm d’Aart a Weis, wéi dës Decisioun geholl gëtt. Virun engem gudde Mount, den 23. Oktober, hat de Gemengerot mat 7 zu 4 Stëmmen decidéiert sech aus de Fusiounsgespréicher zeréckzezéien. D’Initiativ kritiséiert, datt d’Bierger bis elo net wierklech d’Méiglechkeet kruten, un dëser Decisioun deelzehuelen. D’Fro, déi an 3 Méint am Referendum gestallt wäert ginn, huet d’Initiativ selwer formuléiert, erkläert d’Initiatorin Dominique Steiner.

“Déi ass: Wëllt dir datt de Gemengerot d’Sondéierungsgespréicher ofschléisst, sou datt d’Bierger vun der Gemeng Bettenduerf sech 2027 an engem Referendum fundéiert iwwer eng eventuell Fusioun mat de Gemengen Dikrech, Ierpeldeng-Sauer, Ettelbréck a Schieren kënnen äusseren?”

Konstruktiv Gespréicher mat de Bierger

Iwwer déi lescht Wochen hätt d’Biergerinitiativ beim Sammele vun Ënnerschrëfte vill positive Feedback kritt. “Mir ware vill ënnerwee. Mir waren am ganzen 20 Leit, déi am ganzen 170 Stonne laang Ënnerschrëfte gesammelt hunn“, seet d‘Dominique Steiner.

Et hätt ee vill konstruktiv Gespréicher mat de Bierger geféiert a vill positiv Réckmeldunge kritt. Och mat Leit déi net ënnerschreiwe wollten, hätt ee konstruktiv Gespréicher gefouert.

De Schäfferot muss sech net un de Referendum halen

D’Participatioun um Referendum ass iwwerdeems fir all walberechtegt Bierger aus der Gemeng obligatoresch. D’Resultat vum Referendum ass awer nëmme konsultativ.

Elo géif de Ball beim Gemengerot leien, sou nach d’Dominique Steiner. 

“Mir erhoffen eis natierlech ee konstruktiven Dialog mat dem Gemengerot a mat de Bierger, an och eng lieweg Diskussioun.”

De Bettenduerfer Buergermeeschter Patrick Mergen wollt op eis Nofro hi kee Statement dozou ofginn. Den Ierpeldenger Buergermeeschter a Spriecher vum Projet Nordstadfusioun Claude Gleis sot eis, hie wéilt d’Resultat vum Referendum mol ofwaarden, a bis dohi géif mol nëmmen zu véier weider geschafft ginn: Dikrech, Ettelbréck, Schieren an Ierpeldeng – ouni Bettenduerf.