Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bettel-Warnung un d’EVP: “Wien ze gurmangseg ass, riskéiert säi Spëtzekandidat ze verbrennen”

EU-Top-Jobs

Bettel-Warnung un d’EVP: “Wien ze gurmangseg ass, riskéiert säi Spëtzekandidat ze verbrennen”

Am Virfeld vum EU-Sommet komme muer déi zoustänneg EU-Ministeren zesummen, fir d’Diskussiounen ënnert de Staats- a Regierungscheffen ze preparéieren. Et misst ee mat der italieenescher Premierministerin schwätzen, mee d’Oppositioun hätt keen Top-Posten zu gutt, seet de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel um Bord vum Ausseministerconseil um Kierchbierg.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Screenshot: European Union

An der EU steet dës Woch d’Besetze vun den ieweschte Posten op en Neits um Ordre du Jour: En Donneschdeg an e Freideg diskutéieren d’Staats- a Regierungscheffen doriwwer op engem regulären EU-Sommet. De But ass et, do eng Decisioun ze huelen, iwwert d’Presidence vun der Europäescher Kommissioun, vum Europäesche Conseil an iwwert de Poste vun EU-Baussebeoptraagten.

Parteien um rietse Bord kéinten eidel ausgoen

Et ass probabel, datt dräi grouss europäesch Parteien - d’Europäesch Vollekspartei, d’Sozialisten an déi Liberal - op en Neits eng Koalitioun bilden a sech d’Posten ënnereneen opdeelen.

Am Gespréich ass den Ament, datt d’EVP-Vertriederin Ursula von der Leyen Presidentin vun der Europäescher Kommissioun bléif, datt d’Sozialiste mam Portugis Antonio Costa den nächste Conseilspresident stellen, an datt déi Liberal de Poste vum EU-Baussebaoptraagten mat der Estin Kaja Kallas besetze géingen.

Deemno géingen déi riets Parteien, déi a ville Länner zougeluecht hunn, eidel ausgoen.

Xavier Bettel: Top-Poste stinn der Majoritéit zou

“Eng Majoritéit ass eng Majoritéit”, seet dozou de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel am 100,7-Interview um Bord vun der Reunioun vun den EU-Ausseministeren. De Xavier Bettel wäert muer zesumme mat deenen anere Ministeren aus de 27 EU-Länner, déi fir d’EU-Politik zoustänneg sinn, de Sommet vum Enn vun der Woch preparéieren.

"Ech hat verstan, wéi wann d'EVP wéilt eng Majoritéit mam sozialistesche Grupp a mat de Liberalen zesummefannen. Wann dat de Fall ass, da wäert déi Majoritéit och d'Poste besetzen. Eng Majoritéit ass eng Majoritéit. Ech hunn och net hei zu Lëtzebuerg der Oppositioun ze proposéieren, fir dono Responsabilitéit an enger Regierung unzehuelen. Dat wier dann eppes Neits."

Et wier awer och normal, datt déi italieenesch Premierministerin Giorgia Meloni freet, datt ee mat hir schwätzt. Dat sollt een och maachen, sou de fréiere Lëtzebuerger Premier. 

EKR als drëttstäerkst Kraaft: Méi Chancen op ee Posten?

Der Giorgia Meloni hir Partei “Fratelli d’Italia” ass op EU-Niveau Member vun der riets-nationaler Fraktioun vun den “Europäesche Konservativen a Reformer”. Dee politesche Grupp erhieft Uspréch op ee vun den ieweschte Posten, virun allem nodeems en déi drëttstäerkst Kraaft am Europaparlament ginn ass.

Déi lescht Woch hat d’EKR no neie Mouvementer an de politesche Gruppéierungen déi Liberal iwwerholl.

Et wier am Interêt vun Europa wichteg, eng Majoritéit ze fannen, déi Europa weider ausbaue wëll, sou de Xavier Bettel.

Bei där Majoritéit géing et net nëmmen drëm goen, Posten ze verdeelen, mee och ëm de Programm. Doriwwer misste sech d’Europäesch Vollekspartei mat de Sozialisten an de Liberalen eens ginn.

“Et geet jo och drëm, wéi ee Programm mir wëllen ëmsetze fir déi nächst fënnef Joer.”

Xavier Bettel warnt EVP virdrun, ze vill ze froen

D’Giorgia Meloni war awer um informellen EU-Sommet haut virun enger Woch net deen eenzege Grond, firwat ee sech net eens gouf. Verschiddene Medien no hunn dobannen, hannert den zouenen Dieren, e puer Vertrieder vun der Europäescher Vollekspartei méi gefrot, wéi si bis lo ze Gutt haten.

Si hätten deemno proposéiert, datt de Poste vum Conseilspresident just fir zwee an een halleft Joer un d’Sozialiste geet, an dono vun engem EVP-Vertrieder géif iwwerholl ginn.

Dat war beim Rescht net onbedéngt gutt ukomm.

De Xavier Bettel warnt d’EVP virdrun, ze vill gurmangseg ze sinn.

“Ech héieren, datt ganz vill Leit ganz vill gurmangseg sinn. Ech hoffen, datt mir dono een Accord fannen. Mee wien um Enn ze vill gurmangseg ass, riskéiert säi Spëtzekandidat ze verbrennen.”

Hie spillt domat drop un, datt d’Ursula von der Leyen, déi d’EVP als Spëtzekandidatin am europäesche Walkampf vertrueden hat, awer net kéint op hirem Posten un der Spëtzt vun der Kommissioun bleiwen.

Luc Frieden hat sech bedeckt gehalen

Op een eventuellen Usproch vun der EVP op de Poste vum Conseilspresident ugeschwat, hat de Lëtzebuerger Premier nom informellen EU-Sommet op d’Walresultat higewisen.

Et wier wichteg, deem Rechnung ze droen, sou de Luc Freiden. D’EVP wier do als klore Gewënner ervirgaang.

Am Ablack wieren 12 Regierungscheffe vun de 27 Vertrieder vun der EVP. Vläicht géifen et der an e puer Joer méi ginn. Doraus kéint “eng gewëss Conclusioun entstoen”, sou de Premier, ouni dat méi prezis ze erklären.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Europawalen