Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bëschbränn op Madeira: Scho bal 4.400 Hektar Vegetatioun zerstéiert ginn

Copernicus Observatoire

Bëschbränn op Madeira: Scho bal 4.400 Hektar Vegetatioun zerstéiert ginn

Duerch Bëschbränn op der portugisescher Insel Madeira si scho bal 4.400 Hektar Vegetatioun zerstéiert ginn, schreift den europäeschen Observatoire Copernicus (EMS) op der Online Plattform X.

auto_stories

1 min

picture alliance / imageBROKER | Ramesh Amruth | © picture alliance / imageBROKER | Ramesh Amruth
Foto: picture alliance / imageBROKER | Ramesh Amruth

Viru genee enger Woch war ee Feier zu Ribeira Brava ausgebrach. Duerch de staarke Wand hat sech d’Feier rapid ausgebreet. De Wand hat och de Fluchtrafic zu Madeira déi lescht Deeg staark perturbéiert. Wéi et vum Gestionnaire vum Fluchhafen heescht, géif de Fluchtrafic awer an tëschent nees normal lafen. Eng 200 Persounen hu misse wéinst de Bränn aus hiren Haiser evakuéiert ginn. De lokalen Autoritéiten no géing et bis ewell keng Blesséierter ginn.