Mëttlerweil konnt och en 18 Joer ale Verdächtege festgeholl ginn. D'Ëmstänn vum Brand ginn ënnersicht.
600 Pompjeeën am Asaz
Am Kampf géint d'Flame sinn de Moment ronn 600 Pompjeeën am Asaz. Gëschter sinn och véier Canadair-Läschfligeren insgesamt 187 Asätz geflunn.
D'Forêt de Fontainebleau gëllt wéinst hirer aussergewéinlecher Biodiversitéit als déi gréng Long vu Paräis.
Weider Bëschbränn a Frankräich
Och an anere Regioune vu Frankräich gëtt géint Bëschbränn gekämpft. An der Bretagne beim Cap Fréhel hu ronn 100 Leit missen evakuéiert ginn. Weider Bränn goufen och aus dem Departement Lozère gemellt.
Hëtztwell geet lues op en Enn
Déi drëtt grouss Canicule vum Joer geet a Frankräich lues op en Enn. Haut gëllt nach fir 26 Departementer Alerte rouge a fir 50 weider Alerte orange.
Déi héchst Temperature vun tëschent 38 a 40 Grad ginn am Rhône-Dall a ronderëm Toulouse erwaart. Vun en Donneschdeg u sollen d'Temperaturen allgemeng nees erofgoen.
Wéinst den héije Waassertemperature goufen dräi Atomreaktere gestoppt. Siwen aner Reaktere mussen am Ralenti bedriwwe ginn.