Hien hat nom Fall vun der 11 Joer aler Schülerin Lyhanna ordonéiert, datt all d’Plainten iwwer sexuell Gewaltakte vis à vis vu Mannerjäreger sollen nees ënner d’Lupp geholl ginn.
Hien hat der Justiz bis de 14. Juli Zäit gi fir ronn 70.000 Dossieren ze analyséieren. Zënter dem 8. Juni goufe 675 Persounen inhaftéiert.
D’Lyhanna gouf vun engem Pädophille vergewaltegt an ëmbruecht.
Dee Fall hat Frankräich schockéiert, well géint de Verdächtegen aner Plaintë virlouchen, déi awer net zu senger Arrestatioun gefouert haten.