Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Beruffsverbuet bei Dokteren: Europäesch Datebank ass net komplett

Cadrelégal vun Dokteren

Beruffsverbuet bei Dokteren: Europäesch Datebank ass net komplett

Virum Hannergrond vun engem rezente Fall vu Beruffsverbuet fir een Zänndokter huet sech déi zoustänneg Chamberkommissioun op Demande hi vun der ADR mat deem Sujet befaasst. Ee Problem ass, datt d'Ausfëlle vun enger europäescher Datebank net obligatoresch ass.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Zwou Saache wieren an deem Kontext essenziell, sot de fréiere Gesondheetsminister Mars Di Bartolomeo no där Reunioun. An zwar, datt een engersäits entspriechend Informatiounen, och aus dem Ausland, sou séier wéi méiglech kritt, an datt anerersäits, am Noutfall, Virsuergsmoossname fir de Patient kënne geholl ginn.

D’Problemer wieren, datt den Informatiounssystem iwwert de Bannemaart IMI net komplett wier an et zu Lëtzebuerg méi eng laang Prozedur gëtt, wann eppes festgestallt gëtt. D’Direction de la Santé an de Collège médical missten awer séier eng Prozedur hunn, fir de Patient kënnen ze schützen, sou den LSAP-Deputéierten.

Ofhängeg vum Ausland

Och fir d’Alexandra Schoos ass de Problem deen, datt ee vun anere Länner ofhänkt, ob si dës Datebank fidderen oder net.

“Do gëtt et deen europäesche System, wou déi verschidde Länner kënnen androen, wann een Droit d’exercer, also ee Verbuet vum Droit d’exercer, ausgeschwat ginn ass an engem Land. Dat schéngt awer net obligatoresch ze sinn. Dat heescht, do ass een ofhängeg vun deenen anere Länner, genee sou wéi et hei zu Lëtzebuerg net obligatoresch ass. Si huet awer gesot, hei zu Lëtzebuerg gëtt dat gemaach, déi Datebank gëtt och gefiddert, dat heescht aner Länner kënne vun eis profitéieren.”

Duerch d’Présomption d’innocence géif och net am System vermierkt ginn, wann eppes en cours ass. Et misst donieft un den Delaie geschafft ginn.

Dee rezente Fall wier nämlech schonn 2017 an d’Rulle komm. Et wier awer eréischt 2022 een Urteel gesprach ginn, huet d’ADR-Deputéiert betount. Egal wéi géif den entspriechende Gesetzprojet zeréckgezunn an iwwerschafft ginn. De Cadre légal kéim och vläicht aus deem zukünftegen Text eraus, fir méi séier virunzekommen.

D'Ausso vum Alexandra Schoosplay_arrow