Zu Berlin bleift d‘SPD trotzdem stäerkste Kraaft virun de Gréngen. D‘CDU huet sech prozentual verbessert an d‘AfD huet zu Berlin d‘FDP iwwerholl.
D‘Bundestagswahl huet zu Berlin deelweis misse widderholl gi well 2021 vill Leit wéinst logistesche Problemer net wiele konnten.
Duerch déi deelweis Widderhuelung vun de Wale gëtt de Bundestag ëm ee Sëtz méi kléng, mat elo nach 735 Deputéierten. D‘FDP huet ee Sëtz verluer. Déi aner Parteie behalen hir Sëtzer, an d‘Majoritéitsverhältnisser änneren och net.