Radioen

On air

Notturno  |  The GN Band - Home Business

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Belsche Justizminister huet demissionéiert

Véier Deeg nom Attentat zu Bréissel

Belsche Justizminister huet demissionéiert

De belsche Justizminister Vincent Van Quickenborne huet gëschter Owend seng Demissioun annoncéiert. Dat véier Deeg no der Terrorattack zu Bréissel, bei där zwee schwedesch Fussballsupporter vun engem Mann erschoss goufen.

auto_stories

1 min

Den Täter, een Tunesier, hätt zanter August 2022 missen an der Belsch ausgeliwwert ginn, dat ass awer net geschitt. Et wier en individuellen, monumentalen an inacceptabele Feeler, mat dramatesche Suitten. Hie géif déi politesch Responsabilitéit iwwerhuelen, esou de Van Quickenborne.