Hannergrond ass eng Decisioun vun der EU-Kommissioun. Si hat 2016 decidéiert, datt déi Tax rulingen verstoppte staatlech Bäihëllefe wieren an huet gefuerdert, datt déi Konzerner d‘Steiere missten zréckbezuelen.
D‘Belsch hat géint déi Decisioun geklot an hat an engem éischten Urteel vum EU-Geriicht Recht kritt. Den Europäesche Geriichtshaff hat dat Urteel awer rëm opgehuewen an 2021 zréckverweisen.