Radioen

On air

Notturno  |  Fred Barreto Group - For So Long

play_arrow Live
arrow_back_ios

Mediathéik

Mediathéik

/ Katy J. Pearson - Someday Now: Bei sech ukommen

Album vun der Woch

Katy J. Pearson - Someday Now: Bei sech ukommen

Déi brittesch Songschreiwerin Katy J. Pearson ass op enger Rees duerch d’Zäit. Huet si sech op hirem Debut “Return” nach virum Sound vun den 1970er vernäipt, ass si op hirem neien, drëtten Album “Someday, Now” mëttlerweil an den 1980er ukomm. Virun allem awer emol bei sech selwer.

auto_stories

2 min

headphones

5 min

© Seren Carys play_arrow
Foto: Seren Carys

Wann een am Museksgeschäft fréi schlecht Erfarunge gemaach huet, dann zitt ee sech entweeder ganz zeréck, oder léiert ëmsou méi bestëmmt, seng eege Virstellungen duerchzesetzen. Scho mat 15 Joer huet d’Katy J. Pearson, deemools nach zesumme mat hirem Brudder, e “Battle of the Bands” gewonnen, a kuerz dono e Plackevertrag ënnerschriwwen. Wéi et awer leider dacks de Fall ass, huet de Label den Duo mam Numm Ardyn geschwënn erëm fale gelooss. 

De Courage net verluer

D’Katy J. Pearson huet an deem Prozess eng Rei vun hire Lidder verluer, mee net de Courage. Mat vill Determinatioun huet si sech direkt dono an eng Solo-Karriär lancéiert. Hir éischt eege Plack koum 2020 matzen an der Pandemie eraus. Souwuel visuell wéi musikalesch huet sech “Return” un den 1970er orientéiert, dem grousse Joerzéngt vun der Singer-Songwriter-Konscht. Der Katy J. Pearson hir Stëmm erënnert dann och eng Grëtz un déi vun der Fleetwood-Mac-Frontfra Stevie Nicks.

Aus alldeegleche Geschichte grousse Kino maachen

Op hirem fuschneien Album “Somedy, Now” ass déi zu Bristol gebuere Kënschtlerin mëttlerweil an den 1980er ukomm. Op de Gittare läit den typesche Chorus-Effekt, deen d’Säite glënnere léisst, an d’Synthesizer maachen aus alldeegleche Geschichte ganz grousse Kino. Dass d’Country-Musek eng wichteg Influenz fir d’Katy J. Pearson ass, héiert een trotzdeem nach eraus, well si keng Angscht huet, viru Melodien an e bësse Pomp.

Produzéiert goufen déi zeng Titele vum Nathan Jenkins, och bekannt ënner dem Pseudonym Bullion. Hien huet ënner anerem de Sound gepräägt vun engem Westerman, vun der  Nilüfer Yanya an dem Ben Howard. Säin elektronesche Pop kennzeechent sech doduerch, dass hien déi typesch Elementer vum Genre ausernaner hëlt, an da mat engem graffe Fuedem erëm zesumme wieft. Esou, dass dotëscht e bësse Sputt bleift, an domat och e bësse Spannung.

Liewegen an authentesche Sound

D’Katy J. Pearson hat scho fréi decidéiert, dass si grad mat him wéilt zesumme schaffen, fir hirer neier Verëffentlechung Form ze ginn.

D’Resultat ass zum Beispill den elegante Pop vun “Save Me”, de kuerzen Ausfluch an de Folk vu “Sky”, deen un der Katy J. Pearson hir Ufänk erënnert, oder eng ongenéiert sentimental Ballad wéi “It’s Mine Now”. “Someday, Now” ass en Album, deen ënner senger gefleegter Uewerfläch ëmmer lieweg an authentesch bleift, well d’Katy J. Pearson Musek mécht, déi een einfach genéissen däerf.

Lauschterenplay_arrow

Musek
Nei Musek