All Kéiers, wann et seriö Verhandlunge gëtt, déi kéinte Fridde bréngen, géif d’Gewalt zouhuelen. Dat géif sech och elo erëm weisen, sot d’Kommissiounscheffin Ursula Von Der Leyen an der Plenière zu Stroossbuerg.
Agefruerent russescht Verméigen nees op der Tapéit
D’EU misst dowéinst den Drock op Russland weider héich halen bis datt et ee Fridde gëtt, dee gerecht ass an och unhält. Si huet ënnerstrach, datt Europa hannert der Ukrain steet.
An Europa géif d’Ukrain bei all Schrëtt weider ënnerstëtzen, esou d’Ursula von der Leyen. Si huet dobäi och déi finanziell Hëllefen ernimmt.
D’Kommissiounscheffin huet dobäi dat immobiliséiert russescht Staatsverméigen explizit ernimmt. D’Memberlänner goufe sech doriwwer bekanntlech op hirem leschte Sommet am Oktober net eens.
Kritik vun den Europadeputéierten
D’Kommissioun géif ee legalen Text presentéieren, esou d’Ursula von der Leyen. Si sot och, datt si keen Zenario géif gesinn, an deem d’Europäesch Steierzueler déi ukrainesch Rechnung aleng bezuele géifen.
Vun den Europadeputéierten gouf et och Kritik. D’EU souz ze laang net mat um Verhandlungsdësch, sot zum Beispill den hollännesche Sozialist Thijs Reuten.
Europa misst sech méi staark abréngen, esou den Appell. D’EU-Memberlänner solle méi Responsabilitéit fir d’Sécherheet vun europäesche Kontinent iwwerhuelen a sech proaktiv fir de Fridden an der Ukrain asetzen, heescht et an enger Resolutioun iwwer déi d’Parlament muer um Donneschdeg ofstëmmt.
D’Parlament appelléiert och un d’Memberlänner sech iwwer den Asaz vum russesche Staatsverméigen eens ze ginn. Déi hu wëlles op hirem Sommet am Dezember nees doriwwer ze diskutéieren.