Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Attack op Rafah: zwou israaelesch Geisele befreit

Update Noen Osten

Bei Attack op Rafah: zwou israaelesch Geisele befreit

Israel huet eegenen Aussoen no zwou israelesch Geiselen zu Rafah am Süde vu der Gazasträif befreit. Déi zwee Männer vu 60 a 70 Joer wiere bei gudder Gesondheet, esou déi israeelesch Arméi. Do virdrun hat Israel Ziler an der Géigend vu Rafah bombardéiert.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Mohammed Talatene
Foto: picture alliance/dpa | Mohammed Talatene

Méi wéi 100 Leit wier bei der Offensiv zu Raffah dobäi ëm d'Liewe komm, sou déi palästinensesch Autoritéiten, déi vun der Hamas kontrolléiert ginn.

Trotz internationalen Appeller un Israel, keng Buedem-Offensiv op d‘Stad Rafah ze lancéieren, sot den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu, Israel géif un där geplangter Offensiv festhalen, anescht wier de Kampf géint d‘Hamas net ze gewannen.

D‘UNO huet virun enger weiderer humanitärer Katastroph gewarnt. Zu Rafah, un der Grenz mat Ägypten, hale sech eng geschaten 1,5 Millioune Palästinenser op, déi vun anere Plazen an der Gazasträif dohinner geflücht sinn.

Israel seet, et wieren Evakutiouns-Routen fir d‘Zivil-Populatioun en place gesat ginn.