Déi Kritik hunn d’Vertrieder vun der DP, déi gréng an déi Lénk geäussert. De Gemengerot misst vum Schäfferot endlech eescht geholl ginn.
"Bal vum Stull gefall"
Obwuel d'Gemeng schonn am Mee Affer vum Bedruch gi war an d’Suen un e falsche Kont iwwerwisen hat, wier de Gemengerot eréischt véier Méint méi spéit, an der Gemengerotssëtzung vum 30. September, informéiert ginn.
Den DP-Conseiller François Meisch huet erkläert, hie wier aus alle Wolleke gefall.
"De Gemengerot war mëttwochs, den 30. September, moies um 08:00 Auer. Ech war just amgaang mech ze installéieren. An dat do war déi éischt Kommunikatioun vum Schäfferot. Ech si bal vum Stull gefall, datt 407.000 Euro einfach verschwonne wieren op iergendengem Kont an Holland."
"Katastrophal Krisekommunikatioun"
Als Oppositioun hätt een iwwerhaapt näischt doriwwer gewosst.
"Mir sinn elo och informéiert ginn, datt d'Kommiteeë vun den eenzelne Majoritéitsparteie schonn e puer Deeg virdru Bescheed wossten. Mir als gewielte Volleksvertrieder wossten iwwerhaapt glat a guer näischt."
Zwar kéint een dem Schäfferot net reprochéieren, Schold un der falscher Buchung ze sinn, allerdéngs wier de Schäfferot responsabel fir alles wat dono geschitt - respektiv net geschitt - wier. Et wier eng bewosst Entscheedung vum Schäfferot gewiescht, de Gemengerot iwwer Méint net ze informéieren.
D'Oppositioun reprochéiert dem Schäfferot also eng katastrophal Krisekommunikatioun a fuerdert, datt dee seng Verantwortung iwwerhëlt.
D’DP, déi gréng an déi Lénk verlaangen ënner anerem méi Transparenz, eng Upassung vun den interne Kontrollprozeduren an Investitiounen a Formatioune fir d’Gemengepersonal.
Nach keng Récktrëttsfuerderungen
Och wann d’Oppositiounsparteie à ce stade net de Récktrëtt vum Buergermeeschter oder dem Schäfferot fuerderen – fuerdere si awer Konsequenzen, dëst a Form vun enger transparenter Kommunikatioun an Investitiounen a Formatioune fir d’Gemengepersonal a Saache Cyberkriminalitéit. Entgéint den Aussoe vum Buergermeeschter missten och d’Prozeduren onbedéngt ugepasst ginn, esou déi gréng Conseillère Laura Pregno.
"E Buergermeeschter kann net an der Ëffentlechkeet soen, ech gesi keng noutwenneg Prozeduren unzepassen, wann de System deen en place ass, jo definitiv net gegraff huet a méi wéi 400.000 Euro Steiergelder fort sinn."
De Schäfferot hat d’lescht Woch zouginn, de Ministère, de Gemengerot an d’Ëffentlechkeet ze spéit iwwert de Virfall informéiert ze hunn. Réckbléckend géif een dat bedaueren, huet et an engem Communiqué geheescht. Och den Inneministère war deemno eréischt den 30. September iwwert d’Fraude a Kenntnis gesat ginn.