Radioen

On air

Notturno  |  Richie Havens - Handouts in the Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bayern: D'Nowéie vum Schnéichaos de Weekend halen un

Däitschland

Bayern: D'Nowéie vum Schnéichaos de Weekend halen un

Iwwer de Weekend war de däitsche Süden, besonnesch d’Bundesland Bayern, vu staarke Schneifäll betraff. De Chaos huet virun allem d’Pläng vu Reesenden op d’Kopp geheit, déi mat Fliger oder Zuch ënnerwee waren. Och haut gëtt um gréisste Flughafe vun der Regioun, dem Flughafe vu München, de Betrib nees agestallt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Karl-Josef Hildenbrand

D'Metro fiert nom Schnéichaos de Weekend zwar nees an der bayrescher Landeshaaptstad München, mee den S-Bahn-Reseau ass weider staark ageschränkt an d'Tramme bleiwen nach am Schapp.

Net vill besser gesäit et um Flughafe Franz Joseph Strauss aus. Ronn 1.500 Passagéier souzen no Informatioune vun der Süddeutschen Zeitung gëschter Owend nach um Flughafe fest an nach bis zwielef Auer de Mëtteg wäert kee Vol zu München ukommen oder fort fléien. Iwwer 300 Volle sinn dovu betraff.

Schwéier Reprochen un d'Deutsche Bahn

Nom Schnéi vum Weekend ass an der Nuecht op en Dënschdeg Äisreen erof komm. Mee net just München, mee praktesch ganz Bayern stoung déi lescht Deeg stall. D'Deutsche Bahn konnt grouss Deeler vum Bundesland net ufueren, nach gëschter si just ganz wéineg Zich op Münche gefuer. Souwuel d'Gewerkschaft vun den Eisebunner wéi och de Passagéierverband Pro Bahn maachen der Bunn schwéier Reprochen. Den Deutsche Bahn Slogan "Wir fahren bei jedem Wetter" hätt keng Credibilitéit méi. D'Infrastruktur vun der Bunn wier zu groussen Deeler faillite.

Ee vun de grousse Probleemer, d'Bunn huet an de leschte Jore vill Kilometer Auswäichgleisen aus Käschtegrënn ausgebaut. Wann elo een Zuch net weider kënnt, muss en an enger Gare parken an hält domat d'Zich hannert ëm och nach op.

Lauschterenplay_arrow

International
Ëmwelt