Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bausecteur: Ënnerstëtzung vun der Regierung ënnert gewësse Konditiounen

Kris am Bau

Bausecteur: Ënnerstëtzung vun der Regierung ënnert gewësse Konditiounen

D’Regierung ass bereet de Bausecteur mat engem sektorielle “plan de Maintien dans l’emploi” ze ënnerstëtzen, mee just wann och d’Gewerkschaften a Patronat sech doriwwer eens ginn. Dat hunn d’Ministere fir Aarbecht a Wirtschaft, Georges Mischo a Lex Delles, gëschter no enger Reunioun mam OGBL an LCGB annoncéiert.

auto_stories

1 min

© MT
(Foto: MT)

D‘Konditioun ass awer, datt d‘Gewerkschaften an d‘Patronat sech och doriwwer eens ginn. D'Patronat an den LCGB ënnerstëtzen ee sektorielle Plang. Mee den OGBL fuerdert individuell Hëllefspläng, just fir déi Betriber, déi wierklech Problemer hunn.

Et kéint net sinn, datt Baufirmaen, déi weider vill Profitter maachen, och nach vun ëffentleche Sue kéinte profitéieren. De Wirtschaftsminister Lex Delles betount: Fir dat ze verhënneren, kéint a misst ee Schutzmechanismen abauen. A souwisou wier net dee ganze Constructiouns-Secteur betraff, esou de Lex Delles.