Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  Philosophie a Medien

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Autobunn Lëtzebuerg-Bréissel nach bis den Owend 8 Auer blockéiert

Protestaktioun un der Grenz

Autobunn Lëtzebuerg-Bréissel nach bis den Owend 8 Auer blockéiert

Nach bis den Owend 8 Auer wäerten déi belsch Bauereprotester undaueren. Zanter de Moie 6 Auer blockéieren d’Baueren d’Autobunn E411 Bréissel-Lëtzebuerg a béid Richtungen. Automobiliste ginn nëmmen nach eenzel duerchgelooss. Am Frontaliertrafic tëscht der Belsch a Lëtzebuerg gouf et de Moie gréissere Stau. Domat ass och am Nomëtten nees ze rechnen. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Enger 80 Trakteren a ronn 150 bis 200 Bauere sinn um Méindegmoien um Echangeur Weyler zesumme komm, erkläert de Jaaques Corentin, Vizepresident vun der belscher Federatioun vun de jonke Baueren. Hien ass haut responsabel fir d’Manifestatioun. A béid Richtungen ass den Trafic op der Bréisseler Autobunn perturbéiert. Och nom Beruffstrafic, am Virmëtteg, konnt awer nach mat 25 bis 30 Minutte Retard gerechent ginn.

Landwirtschaft soll rentabel bleiwen

Dëst wäert net hir lescht Aktioun sinn, seet de Jaaques Corentin. Genaues ass awer nach net bekannt.

“Donc, on continuera probablement à faire des actions. Cela va être probablement autres choses. On ne veut pas toujours embêter les mêmes – on va varier les interventions.”

Mee déi Lëtzebuergesch Grenzregioun ass net déi eenzeg Plaz, wou déi belsch Baueren-Syndikater streiken. Och zu Bréissel selwer um Ring koum et de Moien zou gréissere Verkéiersproblemer, mellt déi belsch Zeitung “Le Soir”. De Jaaques Corentin vun der belscher Federatioun vun de jonke Bauere betount, datt et hinne virun allem dorëms geet, datt de Beruff och an Zukunft fir néi Generatioune rentabel géif bleiwen.

"Nos revendications simplifiées: c’est d’avoir des normes administratives et environnementales qui soient supportables pour l’agriculteur. Et, ne pas diminuer le revenu de l’agriculteur. Il faut que le métier reste rentable, si on veut encore que les jeunes puissent s’installer et développer une exploration agricole en Belgique et en Europe."

Situatioun zu Lëtzebuerg manner dramatesch

Och déi Lëtzebuergesch Bauerenzentral weist sech solidaresch mat de Kolleegen aus den Nopeschlänner, sou heescht et an engem Schreiwes vun de Moien. Wat Lëtzebuerg ugeet géif d‘Landwirtschaft hei am Land wuel och ënnert der Bréisseler Bürokratie leiden, mee d‘Situatioun wier zu Lëtzebuerg manner dramatesch wéi an de Nopeschlänner. 


Lauschterenplay_arrow