Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bartrenger Buergermeeschtesch demissionéiert

Gemengen

Bartrenger Buergermeeschtesch demissionéiert

D’Bartrenger nach Buergermeeschtesch Monique Smit-Thijs trëtt aus perséinleche Grënn zréck. Dat sot d’DP-Politikerin eis op Nofro hin.

auto_stories

1 min

Monique-Smit-Thijs | © DP
Monique-Smit-Thijs (Foto: DP)

Si hätt d’Decisioun geholl, fir sech op aner Saachen an hirem Liewen ze konzentréieren, sou d’Monique Smit-Thijs, déi als Conseillère am Gemengerot bleift. Ob den éischte Schäffe Youri de Smet oder hire Virgänger an zweete Schäffe Fränk Colabianchi hiren Nofollger gëtt, géif sech am nächste Gemengerot entscheeden. Dee wäert allerdéngs net virun Ouschtere sinn. 

Wéi vum Gemengegesetz virgesinn, féiert d’Buergermeeschtesch hir Funktioun weider aus bis hire Successeur bestëmmt a vereedegt gouf. Am knappe Communiqué gëtt net matgedeelt firwat d‘Buergermeeschtesch hire Posten néier leet.