Radioen

On air

9 bis 1  |  Hot Chip - Ready For The Floor

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Barreau reagéiert net op Bréiwer vun US-Autoritéiten u Lëtzebuerger Affekoten

Justiz

Barreau reagéiert net op Bréiwer vun US-Autoritéiten u Lëtzebuerger Affekoten

De Barreau huet net wëlles sech no rezente Bréiwer vun der US-Administratioun un Affekoten hei am Land un de Justiz- oder Ausseministère ze riichten. Konkret hat d'Trump-Administratioun Affekoten zu Lëtzebuerg opgefuerdert, fir sech un déi nei US-Reegelen ze hale wat Inclusioun, Diversitéit a Gläichstellung ugeet.

auto_stories

2 min

Justiz | © Bigstock / AndreyPril
Justiz (Foto: Bigstock / AndreyPril)

Ënner anerem fir erauszefanne wéi vill Etudë vun den US-Autoritéite kontaktéiert goufen, huet de Barreau du sengersäits ee Schreiwes un d'Affekote geschéckt. An deem Schreiwes gi si opgeruff sech ze mellen, falls si esou ee Bréif kritt hätten. Manner wéi fënnef Etuden hätte sech doropshi beim Barreau gemellt, esou de Bâtonnier Albert Moro am 100,7 Interview.

"Unhand vun deene ganz wéineg Réckmeldungen, déi mir kritt hunn, ass et eiser Meenung no net noutwendeg, elo iergendeng offiziell Interventioun ze maachen. Mir sinn awer am Kontakt mat deenen Etuden, déi esou eng Demande gestallt kritt hunn, wou dat schéngt och an déi richteg Richtung ze beweegen. A mir bleiwen natierlech um Ball, fir wann elo nach weider Réckmeldunge kommen."

Lëtzebuerger Staat wëllt sech net amëschen

Och de Premier Luc Frieden huet sech an der Chamber zur Thematik, déi haaptsächlech Entreprisë cibléiert, geäussert.

De Lëtzebuerger Staat wier net dofir do fir Entreprisen ze soen, wat si am Eenzelfall ze maachen hunn, esou de Luc Frieden. All Entreprise misst no hiren eegene Wäerter an ekonomeschen Interessen decidéieren, wéi eng Attitüd si vis-à-vis vun esou enger Approche wëllt huelen. "Well et geet jo drëm, ob dann déi Entreprisen nach dierfen zum Beispill amerikanesch Ausschreiwunge matmaachen", esou de Premier an der Chamber.

De Premier Luc Frieden huet awer och nach eng Kéier betount wéi wichteg Diversitéit zu Lëtzebuerg an och an enger Demokratie wier an een d'Wäerter vun enger diverser Gesellschaft an Demokratie zu Lëtzebuerg ganz kloer vertrëtt.