Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Diamond Dancer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Barcelona: Autoritéiten deklaréieren den Noutstand wéinst Dréchent

Zanter 3 Joer feelt et u Waasser

Barcelona: Autoritéiten deklaréieren den Noutstand wéinst Dréchent

Zu Barcelona hunn d‘Autoritéiten haut den Noutstand wéinst Dréchent deklaréiert. D‘Stad an d‘Regioun ronderëm leide schonn dräi Joer laang un enger historescher Dréchent.

auto_stories

1 min

Dréchent a Spuenien | © picture alliance / NurPhoto | Albert Llop
An der Regioun Osona no bei Barcelona ass d'Dréchent besonnech schlëmm. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Albert Llop)

Déi éischt vun dräi Noutstandphase gouf elo deklaréiert, well et net genuch reent an an de Reservoiren, déi d‘Reewaasser sammelen, den Niveau ënnert 16 Prozent gefall ass, esou d‘Autoriténten.

Mam État d‘urgence triede strikt Restriktioune fir d‘Landwirtschaft an d‘Industrie a Kraaft. An der Landwirtschaft muss de Waasserverbrauch ëm 80 Prozent, an an der Industrie ëm 60 Prozent reduzéiert ginn.