Ganz vill Positives konnt een do net matdeelen, sou de Samil Suljic vum OGBL, et haett een d‘Personal driwwer informéiert wéi eng Demarchen ze maache sinn, wann de Liquidateur effektiv d‘Faillite vun der asbl decidéiert, dat wier de Moment awer nach net geschitt. Fakt wier, datt déi ronn 35 Mataarbechter elo ouni Pai géifen do stoen an noutfalls gewëllt wieren, d‘Aktivitéiten op eege Fauscht weider ze féieren. Och dat dierft awer schwiereg ginn, sou den OGBL Vertrieder.
"Ech si pessimistesch dat d'BENU Village asbl nach wäert bestoen, an dat ass virun allem wéinst de grousse Scholden déi se nach hunn, also do si jo bal eng Millioun Scholden."
D'Finanzlag hätt genee misse gekuckt ginn
Et wier kloer, datt de Problem duerch e schlechte Management vun der Direktioun entstane wier sou nach de Samil Suljic, ma d‘Stat Esch an den Ëmweltministère hätten d‘Finanzlag méi genee misse kucken.
"Et ass elo e bësschen ze einfach fir ze soen , jo mir haten do näischt ze dinn, dat si Problemer vun der Direktioun an de Salariéen déi jo ënnert sech do e Kontrakt hunn, fir do ze soen, d'Politik ass do komplett eraus, dat fannen ech e bësschen ze einfach."
D‘Konte vun der asbl wieren all Joers vun engem externen Auditeur kontrolléiert ginn, sou den Escher Schäffe Meris Sehovic. Ma et wier virun allem dëst Joer gewiescht wou d‘Fraisen explodéiert an de Scholdebierg op iwwer eng Millioun Euro geklomme wier. Dofir hätt een d‘Noutbrems gezunn.
Kee Kontakt mat fréierer Direktioun
D‘Stat Esch sicht elo d‘Gespréich ma Liquidateuren a mam Personal fir no Léisunsgweeër ze sichen, sou de grénge Schäffen.
"Mäi Wonsch ass et, datt mer do an enger gudder Entente kënnen diskutéieren, a wee weess, vläicht och Perspektive fanne wou eng aner ASBL, en anere Veräin, wien och ëmmer, kéint vläicht d'Aktivitéit oder Deeler vun der Aktivitéit an Zukunft iwwerhuelen."
Kontakt mat der fréierer Direktioun vun BENU-Village géif et momentan kee méi ginn.Wat eventuell juristesch Konsequenze betrëfft wollt den Escher Schäffen sech awer net festleeën.