D‘Personal wier bannent engem Joer vun 29 op 42 geklommen. Elo huet sech en Defizit vun iwwer 900.000 Euro ugesammelt, 1,3 Milliounen Euro wieren noutwenneg fir d‘Konten an den Equiliber ze bréngen a weider zwou Milliounen all Joers fir de Projet weider ze finanzéieren. E Wee, dee weder de Ministère nach déi Escher Gemeng wëlle mat goen.
Ouni Sanéierungsplang wier deemno keng ëffentlech Subventioun méi méiglech Et géif een awer all Méiglechkeet iwwerpréiwe fir d‘Aktivitéite vun der ASBL weider um Liewen ze halen, heescht et weider an engem gemeinsame Communiqué.