Radioen

On air

Tockcity  |  Pet Shop Boys - All The Young Dudes

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bénévolat: Der Gesellschaft eppes zeréckginn

Solidaritéit

Bénévolat: Der Gesellschaft eppes zeréckginn

Haut ass de Weltdag vum Benevolat. Ouni Fräiwëlleger géif Villes an der Gesellschaft net funktionéieren, sief et bei de Pompjeeën, am Sport oder och am associativen an soziale Beräich. Fir jiddweree gëtt et eng Méiglechkeet éierenamtlech aktiv ze ginn, fir e puer Stonnen am Mount oder an der Woch. A wie sicht, ka sech bei der Agence du Benevolat driwwer informéieren.

auto_stories

4 min

Foto: Pexels / Lagos Food Bank Initiative

D’Agence vum Benevolat fir den associativen Secteur zielt aktuell 19 gréisser Daachverbänn a 400 Veräiner, déi all no Benevoller sichen. Jidderee kann iwwert d’Plattform no enger Aktivitéit sichen, an et gëtt och eng Hellewull u Méiglechkeeten a ville Secteuren. Déi meescht Veräiner hunn eng sozial Aufgab, betount d’Anne Hoffmann d’Direktesch vun der Agence du Benevolat, wat d’Qualifikatiounen ugeet ginn et ganz ënnerschiddlech Uspréch, mee och Hëllefen.

"Wann een elo just fir eng vulnerabel Persoun vläicht akafe geet, brauch ee keng Formatioun. Wann een awer lo wierklech och vläicht an enger Ekipp matschafft, mat Educateuren an engem Foyer oder wann ee bei d'Leit heem geschéckt gëtt, déi eleng sinn a versicht deenen e bësse Gesellschaft ze leeschten, da kritt ee scho Formatioune vun deene jeeweilege Veräin, Associatioune gebueden."

Nieft dem méi soziale Beräich ginn et och Aktivitéiten ëm déi digital Welt, wou de Persoune punktuell gehollef gëtt mat der Informatik eens ze ginn.

Bäi der Asti gëtt de Benevole vun Ufank un encadréiert

D’ASTI ass eng vun de Vereenegungen déi e puer honnert Benevoller asetze fir déi verschidde Projeten ze encadréieren, déi se iwwert hirem Site an hirer Organisatioun proposéieren. Esou gëtt et ënnert anerem de Café des langues, fir Sproochen ze praktizéieren, grad ewéi individuell Sproochecoachen. Där ginn et der eng 400, déi reegelméisseg mat de Leit zesumme schaffen an diskutéiere fir d’Sproochekenntnisser ze verbesseren. De Pascal Baltasar ass zoustänneg fir déi Aktivitéit vun der ASTI.

"Dat heescht, mir hu momentan 400 aktiv Coachen. An et sinn dann natierlech och eng bal 600 Leit aktiv. Also dat heescht, méi wéi ee Coach huet méi wéi een Apprenant."

D’ASTI krut vun der nationaler Agence du Bénévolat zejoert de Qualitéitslabel unerkannt kritt, well de Benevole vun Ufank un encadréiert gëtt. De Coordinateur vum Benevolat bei der ASTI de Viktor den Broeder preziséiert, datt no engem éischten Telefonskontakt a Gespréich fir de gewënschten Asaz festzeleeën, et dono um Terrain eng Aféierung gëtt.

Eng Geleeënheet fir säi Curriculum Vitae ze beräicheren

Dono géif de Benevole dann aktivéiert ginn a verschidde Formatiounen ugebuede kréien, fir datt hien déi richteg Outillen huet fir seng Aarbecht ze maachen.

"Also mir bidden a verschidde Beräicher och Formatiounen un. A mir hunn och ëmmer Projetsmanagers, déi ëmmer disponibel sinn, telefonesch an iwwer e-mail."

A fir déi Fräiwëlleger gëtt et zwee Mol am Joer een Iesse fir sech do kënnen auszetauschen an et gëtt ee Fest vun de Benevoller organiséiert. De Benevolat ass awer och eng Geleeënheet fir säi Curriculum Vitae ze beräicheren, virun allem fir Jonker, betount den Viktor den Broeder

Wat motivéiert d’Ana Diniz dann fir op e puer Plaze benevoll ze sinn? 

"Moi même étant émigrante ici au Luxembourg, c'est le pays qui m'a accueillie, puisque je suis arrivée ici plutôt jeune, donc j'ai passé plus de temps au Luxembourg qu'au Portugal où je suis née. Pour moi c'était aussi important de pouvoir donner quelque chose à la communauté, donc à ma façon, à mon auteur, mais en tout cas c'était important."

Der Gesellschaft eppes zréckginn: Dat ass dat, wat vill Éierenamtlecher dozou beweegt sech z’engagéiren.

Weider Sensibiliséierungsaarbecht néideg

Schwieregkeeten hu Veräiner fir Leit ze fannen, déi gewëllt si sech ze melle fir Member vun engem Comité ze ginn, an do wëllt een nach eng Campagne féieren, erkläert d’Anne Hoffmann, d’Direktesch vun der Agence du Bénévolat.

"Well wann ee sech an engem Conseil engagéiert, an engem Veräin, da kann een och matgestalten. Et kann ee säi Veräin matgestalten, mee et kann een och déi Gesellschaft matgestalten, an där mer liewen."

A wien no enger Aktivitéit sicht, kann dat iwwert d‘Plattform www.benevolat.lu maachen.

Wat bréngt d'Benevolat de Benevollen?

An eiser Emissioun Den Hallwer Néng schwätze mir Mam Unisprofesser Claus Vögele doriwwer, wéi sënnstëftend ee fräiwëllegen Engagement ka sinn.

Lauschterenplay_arrow