Dat géif ëmmer vun de Neiegkeeten ofhänken, déi déi eenzel Marke kënne presentéieren. Wat den allgemengen Trend ugeet waren dëst Joer virun allem Hybridautoe gefrot als Iwwergang zum voll-elektreschen Auto.
"Wou ee vläicht nach net onbedéngt prett ass, souguer net d'Méiglechkeet huet fir ze lueden. De Plug-in-Hybrid huet och e klenge Wieder-Aufstieg erlieft, géif ech emol soen, well och do Produiten op de Marché kommen."
80 Betriber ware bedeelegt
Leit déi eemol en elektreschen Auto kaf hunn, bleiwen och weider beim Elektreschen, dat wier ee weidere Constat deen ee gemaach hätt, sou nach de Philippe Mersch.
Den Autosfestival war vum 24. Januar bis den 2. Februar, eng 80 Garagëbetriber zu Lëtzebuerg ware bedeelegt.
Iwwerdeems huet den 100,7 sech d‘lescht Woch d‘Fro gestallt, wéi ëmweltfrëndlech Hybrid-Autoe wierklech sinn.