Radioen

On air

Moiesstudio  |  Claire Parsons - Falling Into You (Theme Song)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Australien hëlt Klima-Flüchtlinge vun Tuvalu op

Neien Accord

Australien hëlt Klima-Flüchtlinge vun Tuvalu op

Den Inselstaat Tuvalu mat iwwer 11.000 Awunner riskéiert lues a lues am Pazifik ënnerzegoen. Déi alles an allem néng Inselen nërdlech vun Neiséiland an ëstlech vu Papua-Neuguinea leien nëmme knapp iwwer dem Mieresspigel, deen op Grond vun der Äerd-Erwiermung klëmmt. Australien huet elo ugebueden déi sougenannt Klima-Flüchtlinge vun der pazifescher Inselgrupp opzehuelen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Wéi australesch Medie mellen hätte béid Nopeschlänner haut een deementspriechend Ofkommes ënnerschriwwen. Dat um Bord vun engem Treffe vun de Pazifeschen Inselstaaten op de Cookinselen am Südpazifik.

All d’Awunner vun Tuvalu dierften an Zukunft an Australien schaffen, studéieren a liewen. Dat huet den australesche Premier Anthony Albanese zesumme mat sengem Homolog vun Tuvalu, dem Kausea Natano, annoncéiert. D’Existenz vun Tuvalu wier bedreet, esou den australesche Premier. Hie wier der Meenung, datt d‘Industrienatiounen d‘Verantwortung hätten Hëllef ze leeschten, a genau dat géing Australie maachen.

Aus moralescher Siicht een néidege Schrëtt

Fir den Ufank wëll déi australesch Regierung 280 Bierger d’Joer aus dem Nopeschland ophuelen. An net emol 100 Joer kéint Tuvalu awer scho komplett am Pazifik versenken. Am Südpazifik klëmmt de Mieresspigel op Grond vun der Äerderwiermung nämlech besonnesch séier. Bis dohinner sollen all déi vum Klimawandel betraffen Awunner kënnen an Australien eriwwer plënneren.

Australien ass ee vun de gréisste Kuelen-Exporteure vun der Welt. Vill Pazifik-Staate fannen dee Schrëtt vun Australien deemno noutwenneg, och aus moralescher Siicht. D’USA hunn iwweregens schonn een änlecht Ofkommes mat ënnert anerem Palau an de Marshallinselen ënnerschriwwen, déi och riskéieren am Pazifik ze verschwannen. 

Lauschterenplay_arrow